D’Schueberfouer als internationalt Kulturmonument?

Am Joer 1340 gouf d’Schueberfouer vum Jang de Blannen an d’Liewe geruff. Dëst Joer ass déi 679. Editioun vun dësem Volleksfest. D’Schueberfouer gehéiert hautzedaags zu engem vun de bedeitendsten immateriellen Kulturgidder vum Grand-Duché, voire vun der ganzer Groussregioun. All Joer gi ronn 2 Millioune Visiteuren erwaart. 

Am Joer 2008 gouf d’Schueberfouer an den « Inventaire national du patrimoine culturel immatériel » opgeholl. Den 11. September 2018 huet den deemolege Staatssekretär am Kulturministère Guy Arendt (DP) am Quotidien vun engem zousätzleche Klassement als „Patrimoine immatériel de l’humanité“, op internationalem Niveau, bei der UNESCO geschwat. 

D’Sprangprëssessioun zu Iechternach ass momentan als eenzege Patrimoine immatériel op internationalem Niveau geschützt. 

An deem Zesummenhang hu mir dem Minister dës Froe gestallt:

  1. Madamm Ministësch, ass d‘Regierung nach ëmmer gewëllt bei der UNESCO eng Kandidatur anzereechen fir d‘Schueberfouer als Patrimoine immatériel de l‘humanité ze klasséieren?
  2. Wat ass den aktuelle Stand an deem Dossier?
  3. Wat ass den aktuelle Stand beim Opbau vun engem nationalen Inventaire vum Patrimoine immatériel? Ass d’Madamm Ministesch biswell zefridde mam participative Prozess, deen an deem Kontext sollt zesumme mat Associatiounen, Gemengen a Bierger(innen) ulafen? Wéi wäit ass de CNA mat senger Analyse fortgeschratt? 

Zesummenhang posts

Am Juli 2023 hat ech dem Minister e puer Froen zum Subside de Qualité+ an dem Règlement grand-ducal vum 23ten Dezember 2016 gestallt (Fro
Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.