D’Schluechtung vun Déieren aus Biohaltung

Laut Zuele vum Landwirtschaftsministère, goufen zu Lëtzebuerg am Dezember 2020 ronn 20.500 Déiere geschluecht. Haaptsächlech handelt et sech bei den Déieren ëm Kéi a Schwäin.  Am Joer 2019 waren 82 Landwirtschaftlech Betriber als Bio-Betriber bei der Asta ugemellt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ginn a puncto Schluechtung Ënnerscheeder tëscht de Bio-Déieren an den Déieren aus der konventioneller Landwirtschaft gemaach zu Lëtzebuerg? Falls jo, wéi gëtt am Schluechthaus sécher gestallt, dass d’Bio-Déieren net mat den Déieren aus konventioneller Haltung vermëscht ginn?

  2. Muss de Bio-Bauer seng Déieren an d’Schluechthaus féieren oder huet en d’Méiglechkeet op Alternativen zréck ze gräifen, déi mat manner Stress fir d’Déier verbonne sinn? Zum Beispill eng mobil Schluecht-Statioun, wou d’Déieren net mussen an een Transporter, fir bis bei d’Schluechthaus gefouert ze ginn?

  3. Duerch d’Schluechten am Betrib, kann den Déiere vill Stress erspuert ginn. An Däitschland ass dofir d’sougenannten “Weideschlachtung” bei Déieren, déi hiert d’ganzt Liewen op enger Wiss verbruecht hunn, méiglech.  Ginn et zu Lëtzebuerg Méiglechkeeten, fir Déieren am Betrib ze schluechten, déi net ënner de Fall vun enger Noutschluechtung falen?

• Falls jo, wéi vill Betriber dierfen op esou eng Schluechtungs-Method zréck gräifen?

• Falls nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3893

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene