“Drug Checking” a Lëtzebuerg: D’Piraten hake no!

Published by Sven Clement on

Bis op di eng oder aner Asbl, déi punktuell Analysen maachen, ass et net méiglech Droge bei enger staatlecher Ulafstell anonym op hir Qualitéit testen ze loossen. Op Museksfestivallen am Ausland ass et ganz geleefeg, datt Leit, déi fir sech decidéiert hunn, datt si wëllen eng bestëmmten Drog konsuméieren, d’Substanz fir d’éischt iwwerpréiwe loossen, fir esou gesondheetlech Schied ze evitéieren. De European Monitoring Centre for Drugs and Drug Addiction huet am Joer 2017 e Rapport publizéiert, dee festhält, datt duerch de sougenannte „Drug Checking“ en effikasst Mëttel ass, fir géint gréisser gesondheetlech Schied duerch rekreativen Drogekonsum virzegoen. Optimalerweis gëtt ee seriöen „Drug Checking“ duerch eng Méiglechkeet ergänzt, Gespréicher mat Betreier ze féieren, déi iwwert d’Risike vum Drogekonsum opkläre kënnen an och Exit-Strategië kënne proposéieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt

  1. Här Minister, ass geplangt ee sougenannte „Drug Checking“ och zu Lëtzebuerg anzeféieren ? Wa jo, wéini soll dat geschéien ? Wann net, firwat net ?
  2. Ass geplangt och „Drug Checkings“ op gréissere Museksfestivallen hei am Land anzeféieren, mam Zil d‘Spectateure besser viru „schlechtem Stoff“ ze schützen?
  3. Firwat huet Lëtzebuerg bis dato nach keen sou een „Drug Checking“ agefouert ? Gëtt et dofir e plausibele Grond ?
sven-drogen


0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.