Eist Land huet rezent direkt zwee spektakulär Fäll gehat, bei deem gréisser Quantitéiten Droge fonnt goufen. Ufank Februar goufen an enger Maschinn, déi fir Aarbecht am Stroossebau genotzt gëtt, am Ganzen 890 Kilogramm Kokain saiséiert, mat engem Verkafswäert vun tëscht 80 an 160 Milliounen Euro. Virun e puer Deeg koum dunn d’Meldung, dass et um Flughafe Findel Ufank Februar ee weidere spektakuläre Kokainfund gouf, wou Agent:innen vun der Douane 508 Kilogramm Kokain am Wäert vu ronn 100 Milliounen Euro sécherstelle konnten. Laut dem Bericht am Lëtzebuerger Wort vum 3. Mäerz 2025 goufe ronn 3,6 Tonnen Tapioka kontrolléiert, an deem d’Kokain verstoppt war. Am November 2018 haten Douane-Enquêteuren um Fluchhafe Findel schonn eng Kéier 300 Kilo Kokain an der Fracht vun engem Fliger aus Südamerika entdeckt.
An de leschte Jore ginn et ëmmer méi Berichter iwwer grouss Drogesaisien. Dës Entwécklung ass besuergneserreegend a fuerdert eng detailléiert Analyse vun de Kontrollen an den Efforte vun eise Sécherheetsorganer. Déi zwee rezent Fäll weise besonnesch d’Raffinesse vun de Schmuggler, déi hir Wuer a legitimme Produite verstoppt hunn.
Dës Fäll weisen awer och, datt Lëtzebuerg verstäerkt als Transitland fir de Schmuggel vu Kokain aus Südamerika an d’EU genotzt gëtt, wat eng Rei vu Froen opwerft iwwert eis Sécherheetsstrukturen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Drogen (no Gewiicht/Volummen a Wäert) sinn an de leschte 5 Joer zu Lëtzebuerg saiséiert ginn, opgeschlësselt no Joer a Substanz?
-
Iwwer wéi eng Grenziwwergäng, Fluchhäfen, Postweeër oder aner Entréespunkten ass déi gréisste Quantitéit u Drogen an de leschte 5 Joer an eist Land komm?
-
Aus wéi enge Länner/Regioune staamt d’Majoritéit vun de saiséierten Drogen?
-
Wéi eng spezifesch Moossnamen huet d’Regierung ëmgesat, fir d’Sécherheetskontrollen am Cargo Center ze verbesseren, nodeems dëse massive Fund gemaach gouf?
-
Ginn et Pläng fir eng international Task Force oder verstäerkte Kooperatioune mat aneren EU-Länner, fir géint Drogentransporter virzegoen?
-
De selwechten Artikel am Wort geet dann och op d’Belsch an Holland an, wou et an de leschte Wochen a Méint zu massiver Gewalt tëscht Drogebande komm ass, duerch déi och onbedeelegt Persoune blesséiert goufen oder ëmkomm sinn. Zudeem wär säit 2021 bekannt, dass kolumbianesch Karteller antëscht och direkt an Europa aktiv wieren.
Wéi schätzt de Minister d’Gefor an, dass et an Zukunft och zu Lëtzebuerg zu esou gewalttätege Virfäll ka kommen?
QP Nummer 2015