De franséische Journalist Victor Castanet huet rezent e Buch publizéiert, an deem Temoignagen a Preuven iwwer schlëmm Mësshandlungen aus den Altersheimer vun enger internalionaler Firma ze fanne sinn. Bericht gëtt ënnert anerem, dass um Personal, un den Iesswueren an un Hygiènesproduiten an engem Ausmooss gespuert gouf, dass et de Fleeger net méi méiglech war, alle Residente gerecht ze ginn. D’Kierperhygiène an och d’Ernärung an d’Hydratatioun vun de Bewunner soll net zu all Zäitpunkt gewährleescht konnte ginn.
Och déi Franséisch Regierung beschäftegt sech aktuell mam Dossier an d’Madamm Brigitte Bourguignon (Ministre déléguée auprès du ministre des Solidarités et de la Santé, chargée de l’Autonomie) huet ugekënnegt, an de kommenden Deeg en Austausch mat der Direktioun vun deem concernéierte Grupp an aneren Involvéierten ze hunn, fir ze enquêtéieren, ob d’Uschëllegungen zoutreffen, a falls jo, eraus ze fannen, wéi et zu dëse Mëssstänn konnt kommen.
Och zu Lëtzebuerg wëll d’Firma an noer Zukunft en Haus zu Merl opmaachen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Sinn der Regierung d’Uschëllegunge vis-à-vis vun der ugeschwater Firma bekannt?
-
Wéi eng Konsequenze wäert d’Lëtzebuerger Regierung aus den opgedeckte Mëssstänn zeien, sollten sech d’Uschëllegungen aus Frankräich bestätegen?
Kéint de Staat den Agrément fir dat geplangten Haus zu Merl nees entzéien?
Falls net, wéi kéint d’gesetzlech Basis der Ministesch no hei verbessert ginn?
-
Wien kontrolléiert zu Lëtzebuerg, dass Alters- a Fleegeheemer Hygiènesartikelen, Iesswueren a Gedrénks net rationaliséiere kënnen, fir de Profit vun engem Haus op Käschte vun den Awunner ze maximiséieren?
Wéi gëtt hei virgaangen?
QP Nummer 5598