Dresscodes am Sport

D’Kleederuerdnunge vu verschiddene Sportverbänn schreiwe fir d’Frae méi enk a kuerz geschnidden Trainingskleedung vir, wéi fir d’Männer. Obwuel et kee Vir- oder Nodeel fir d’Ausübung vum Sport huet, gesi vill Reglementer vir, dass Frae wärend Kompetitioune musse Kleeder droen, déi méi Haut weisen, wéi déi vun de männleche Sportler. Verstéiss géint dës Reegele kënne mat engem Ausschloss aus der Kompetitioun, oder – wéi et rezent bei enger Fraen-Beach-Handballsekipp de Fall war – mat enger Geldstrof anhiergoen. Dës Ënnerscheeder bei de Kleederuerdnungen tëscht de Männer an de Fraen am Sport werfen d’Fro op, ob dës Ongläichheeten net als eng Form vu Sexismus bzw. souguer als Diskriminéierung am Sënn vun enger eng Ongläichbehandlung opgrond vum Geschlecht nom Artikel 454 vum Code pénal verstane kéint ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  • Ass d’Regierung der Meenung, dass Kleederuerdnungen, déi Fraen am Sport Tenuë virschreiwen, déi méi Haut weisen wéi déi vun de Männer, sexistesch sinn?
    Falls jo: Wéi wëll d’Regierung d’Problematik vum Sexismus bei de Kleederuerdnungen ugoen?
    Falls nee: Wéi begrënnt d’Regierung hier Astellung?
  • Ass d’Regierung der Meenung, dass Kleederuerdnungen, déi Fraen am Sport Tenuë virschreiwen, déi ouni funktionell Grënn anescht ausgesi wéi déi vun de Männer, diskriminéierend sinn, well fir Persounen ënnerschiddlech Reegele gëlle jenodeem, wéi ee Geschlecht se hunn?
    Falls jo: Wéi wëll d’Regierung d’Problematik vun den diskriminéierende Kleederuerdnungen ugoen?
    Falls nee: Wéi rechtfäerdegt d’Regierung d’Ënnerscheeder tëscht de Reegelen, déi fir déi verschidde Geschlechter gëllen?
  • Am Abschnitt “Der Kampf gegen Doping, Respekt und Fairplay im Sport” aus dem aktuelle Koalitiounsaccord ass ze liesen:
    “Es wird eine Nulltoleranz-Politik gegenüber Doping im Sport verfolgt werden. […] In gleicher Weise werden fremdenfeindliche, homophobe, sexistische oder diskriminierende Einstellungen nicht akzeptiert, und es wird auf gutes Verhalten, Respekt und Fairplay der Sportakteure auf allen Ebenen geachtet werden.”
    Wat gouf am Kontext vum Sexismus an der Diskriminéierung bis elo gemaach?
    Goufe konkret “sexistesch oder diskriminéierend Astellungen” um Terrain festgestallt a falls jo, wéi goufen d’Acteure sensibiliséiert?

Fro Nummer 4763

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen