Dresscode an den Schoulen

Dëse Weekend ass op de Soziale Medien ee Bild duerch d’Land gaangen, aus deem ervir geet, datt den Dikrecher Lycée scheinbar een néien “Code Vestimentaire pour un monde plus beau” fir seng Schüler festgeluecht huet. Dësen Dress Code beinhalt ënnert anerem, dass de Bauch, de Réck an de Broschtbereich verdeckt musse sinn. Virun allem Schülerinnen hunn sech doropshin online zur Wuert gemellt an dorop opmierksam gemaach, dass hire Kierper näischt ass, wat verstoppt misst ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet de Ministère eenheetlech Guidelines, fir en Dresscode a Schoule festgeluecht? Wann jo, wat genau beinhalten dës?

  2. Fënnt d’Madamm Ministesch, dass d’Reegelen aus dem Dikrecher Lycée sech gläichméisseg op all Geschlechter auswierken? Oder denkt d’Regierung, dass d’Chance hei grouss ass, dass ee Geschlecht an der Praxis méi a sengem Kleederchoix méi agegrenzt gëtt wéi een anert?

  3. Huet de Ministère Kenntnis doriwwer, wéi vill Schoulen een Dresscode hunn? 

  4. Wéi stellt d’Madamm Ministesch sécher, dass et an de Schoule Kleedungsreegelunge ginn, déi kee Geschlecht diskriminéieren?

  5. Deelt d’Regierung d’Opfaassung vum Dikrecher Lycée, dass eis Welt méi schéi gëtt, wa Persounen hire Kierper verstoppe mussen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2864

Zesummenhang posts

Kaderprogramm Péiteng 2023