Context:Débat Budget 2021 Projet de loi 7666
D’Deputéiertechamber stellt fest:
- dass am Circulaire LIR 105/2 vum 16.03.1998 festgehalen ass, dass d’Frais d’obtention och “dépenses relatives à l’entretien d’un cabinet de travail à domicile” abegräifen;
- dass am Arrêt vum Tribunal administratif 25655 Folgendes festgehalen ass: “l’utilisation du cabinet de travail déclaré par le demandeur serve exclusivement ou de manière prépondérante à acquérir, assurer et conserver des revenus au sens de l’article 105 LIR précité, et à défaut d’autres preuves fournies de manière à justifier que les frais dont il fait état sont exposés dans l’intérêt exclusif ou quasi exclusif de son activité professionnelle”;
- dass de STATEC a sengem Pressecommuniqué n°15 vum 19te Mee 2020 d’Resultater vun enger Etüde iwwert den Télétravail matgedeelt huet. Aus der Etüde geet ervir, dass den Télétravail sech am Verglach zu 2019 verdräifacht huet;
- dass vill Leit opgrond vun der COVID-Kris gezwonge waren, méi vun doheem aus ze schaffen an dobäi Käschten kennen ugefall sinn, fir d’Heize vu Räim, déi soss den Dag iwwer eidel gewiercht wieren, a fir Büros-Miwwelen.
- dass laut STATEC d’Locatairen am Joer 2011 an der Moyenne 83,1 m2 Wunnraum zur Verfügung stoen haten an dat oft net duergeet, fir ee Raum eenzeg an eleng als Büro ze notzen, esou dass sech an de leschte Méint vill Leit en Aarbechtseck an engem Raum hu missten Ariichten, deen och nach fir aaner Aktivitéite genotzt gëtt ;
Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:
- eng Steiererliichterung am Sënn vum Artikel 105 vum LIR, fir d’Joren 2020 an 2021, och deene Ménagen ze erméiglechen, déi keng Platz fir een eenzele Bürosraum doheem hunn, andeems pro Dag, deen eng Persoun vun doheem geschafft huet, e gewësse Forfait fir den Home Office vun de Steieren oofgesat ka ginn.
Dës Motioun gouf an d’Finanzkommissioun verwisen.
D’Motioun gouf den 1.03.21 an der Finanzkommissioun diskutéiert a kënnt deemnächst erëm an d’Plenière.
Iwwert dës Motioun gouf den 18.03.21 an der Chamber ofgestëmmt. D’Motioun gouf leider ofgeleent.