D’Piraten wëlle Péiteng zur CETA-fräier Zone maachen

Zënter Joeren kämpfen a wiehren sech Piraten géint den CETA. Leider huet d’Chamber, mat de Stëmmen vun de Regierungsparteien (Déi Gréng, LSAP an DP), den CETA elo matsen an der Krisephase gestëmmt.    Trotz dësem Vott an der Chamber, wäerte mir Piraten eisen Asatz géint den CETA net opginn. Ganz nom Beispill vun anere Stied a Gemengen an Europa, proposéieren d’Piraten mat eiser Motioun am Gemengerot, fir Péiteng zur CETA-fräier Zone ze deklaréieren.

D’Piratepartei huet um europäeschen an um nationalen Niveau protestéiert, fir dass den CETA–Accord net zu Lëtzebuerg ratifizéiert gëtt. Leider hunn d’Regierungsparteien dat net agesinn an de Fräihandelsofkommes tëschent der EU a Kanada gréng Luucht ginn.   Virun allem déi Gréng Partei huet dobäi enttäuscht, huet si sech dach an de leschte Joren entscheet géint den CETA staark gemaach. Déi lëtzebuergesch Gréng schéngen dobäi d’Idealer vun hirer Partei vergiess ze hunn, well an Däitschland wäert hier Schwësterpartei géint den CETA stëmmen.    Den CETA ass deemno fir Lëtzebuerg elo eng Realitéit, mee d’Piraten hunn de Kampf nach net opginn. Ganz nom Bild vun anere Stied, wéi zum Beispill Léck an der Belsch, wëllen d’Piraten ee symbolesche Widderstand leeschten an iwwerall, wou mir vertruede sinn, eis am Gemengerot dofir asetzen, fir déi Gemengen zur CETA-fräier Zone ze deklaréieren, dat och an Zukunft.   Dofir wäerten d’Piraten am Péitenger Gemengerot (de Christian Welter an de Marc Goergen) de Meinden, den 18te Mee eng entspriechend Motioun virstellen, fir esou um lokale Niveau ze weisen, dass ee mat der Entscheedung vun der Regierung a vun der EU-Kommissioun net averstanen ass.    D’Piraten erënneren dorunner, dass den CETA riskéiert eis laang erkämpfte Sozial- an Ëmweltstandarde kënnen oprecht ze erhalen. Och wat d‘Landwirtschaft, Véizuucht an de Wäibau betrëfft, suergen sech d‘Piraten ëm Kompetitivitéit vun den europäesche Betriber. Doriwwer eraus, wäert den CETA zu enger considerabelen Hausse un Emissioune féieren, wat mir als nohalteg Partei an eiser politescher Zilsetzung prinzipiell ze evitéiere sichen. D’Piraten leenen doriwwer eraus och déi ontransparent Manéier ënnert där den CETA-Accord verhandelt gouf of.

Zesummenhang posts

Am Juli 2023 hat ech dem Minister e puer Froen zum Subside de Qualité+ an dem Règlement grand-ducal vum 23ten Dezember 2016 gestallt (Fro
Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.