ACCOUNT

D’Pirate fuerderen dezentral Strukture fir drogenofhängege Persounen ze hëllefen

Kontext: Aktualitéitsstonn zu der Organisatioun vun der Sécherheet am ëffentleche Raum

D’Deputéiertechamber stellt fest:

  • dass d’Stratégie nationale en matière d’addictions et plan d’action gouvernemental 2020–2024 en matière de drogues d’acquisition illicite et de leurs corollaires virgesäit d’ “étendre la disponibilité, l’accessibilité et la couverture d’un traitement efficace et diversifié de la toxicomanie, pour les consommateurs de drogues problématiques et dépendants, y compris les consommateurs de produits non opiacés, afin que tous ceux qui le souhaitent puissent bénéficier d’un traitement en fonction des besoins”;
  • dass den aktuelle Koalitiounsaccord festhält: “Il sera veillé à la mise en adéquation par rapport aux besoins de la structure bas seuil « Abrigado » et des lieux de consommation seront ouverts à Esch-sur-Alzette et à Ettelbrück. D’autres sites de lieux de consommation encadrée et dépénalisée seront étudiés au besoin”;
  • de rezentsten Zuelen aus dem Rapport annuel vun 2017 iwwer den “état du phénomène de la drogue au Grand-Duché de Luxembourg” no, d’Prevalenz an den Taux de prévalence d’usagers problématiques de drogues (UPD) zu Lëtzebuerg op 2.250 Persoune bzw. op 5,79/1000 Persounen tëscht 15 a 64 Joer geschätzt gouf;
  • dass Persounen, déi sech an der Ofhängegkeet befannen, Hëllefsstellunge brauchen, déi liicht an Usproch ze huele sinn, a sech am beschte Fall am noen Ëmfeld vum Betraffene befannen.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:

  1. méi dezentral Strukturen ze schafen, déi drogenofhängege Persoune kuerzfristeg Hëllefsstellungen ubidden a si op Wonsch och stationär ophuele kënnen.

D’Motioun gouf ofgeleehnt.

 

Zesummenhang posts

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Aarbechtssichender, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, an déi de Statut vun engem Travailleur handicapé hunn, kënnen an
D’Gesetz vum 14te Juli 2015 reglementéiert den Accès zum Beruff vum Psychotherapeut. Et kann een ee Master an der klinescher Psychologie hunn, aner Diplomer
An hirer Äntwert op meng Question parlementaire n°7357 huet d’Ministesch geschriwwen, dass zum deemolegen Zäitpunkt insgesamt 388 Kanner a Jugendlecher duerch d’Geriichtsuerteeler vun deenen