D’Pirate fuerdere weiderhin 10€/m2 !

De Logement ass eent vun de Kärproblemer vu Lëtzebuerg. Och nom sechste Joer blo-rout-grénger Regierung ass et fir d’Leit um Wunnmarché zu kenge Besserunge komm. Am Contraire: d’Präisser si souguer weider an d’Luucht geschoss.

D’Pirate fuerdere weiderhi vehement , dass eis Iddien aus dem Wahlprogramm 2018 ëmgesat gi fir Wunnengen zu 10€/m2 de Mount kënnen unzebidden. (Wéi dat klappt kënnt dir hei noliesen.)

Mir géifen et begréissen, wann d’Regierungsparteie (DP, LSAP an Déi Gréng) mat eis zesummen an déi Richtung géif goen an hir Positioun notzen fir eis Iddi ëmzesetzen. Ugesiichts der Wunnengskris musse mir all zesumme schaffe fir de Mënschen am Land schnell eng Léisung unzebidden.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt