Wéi 100,7 an d’Plattform Reporter.lu mellen, hätten si Accès op d’Dokumenter vun der Generalinspektioun vun de Finanzen, déi der CSV an der DP an de Koalitiounsgespréicher virgeluecht gi sinn. Dës Dokumenter weisen anscheinend d’Situatioun vun de Staatsfinanzen haut a maache Prognose fir déi nächst Joren.
An dësen Dokumenter gëtt, den Informatiounen no, eng wirtschaftlech a finanziell Situatioun illustréiert, déi konträr zu de Prognosen a Beschreiwungen ass, déi der Chamber viru Méint virgestallt gi sinn.
D´Koalitiounsgespréicher sinn do fir eng gemeinsam Aarbechtsgrondlag ze fannen, den Zweck ass net elo schonns der Chamber Dokumenter, Informatiounen a wichteg Konklusioune virzëenthalen.
Mir hunn aktuell eng operationell Chamber a mir Pirate fuerderen dass dëst esou och respektéiert gëtt. Aus dësem Grond fuerdere mir déi zukünfteg Koalitioun zu Transparenz op an datt d´Chamber esou schnell wéi méiglech Accès zu all deenen Dokumenter soll kréien, déi an de Koalitiounsgespréicher den Delegatioune vun CSV an DP virgeluecht ginn.
Mir Piraten hunn eis an der Vergaangenheet fir Transparenz vis à vis vun der Chamber agesat, dëst wéisst zum Beispill den Arrêt Clement oder eis aktuell Plainte géint de Ministère de la Santé, a mir wäerten dat och an Zukunft maachen.