ACCOUNT

D’Piraten fuerdere méi Unerkennung an der Chamber

Mir hunn zesumme mat den aneren Oppositiounsparteien ee Bréif un de Chamberspresident Fernand Etgen geschriwwen, an dem mir méi Unerkennung fir eis parlamentaresch Aarbecht froen.

D’Chamber besteet net nëmmen aus den 3 Majoritéitsparteien, mee aus 7 Parteien. Och d’Oppositioun huet ee Recht drop, dass hir Virschléi, Froen a Kommentaren als Deel vun der Chamberaarbecht wouergeholl ginn a no bausse kommunizéiert ginn.

Mir fuerderen de Chamberspresident op, d’Chamberaarbecht a senger Totalitéit duerzestellen, a net am Interêt vu Blo-Rout-Gréng.

courrier-Déi-Lénk-ADR-Piraten-CSV

Zesummenhang posts

De 25te Februar 2022 ass dat neit Denkmalschutzgesetz a Kraaft getrueden. Nom Artikel 18 vum Gesetz kann all Interesséierten an all Organisatioun eng Demande
Haut kruten d’Deputéierten aus der Justizkommissioun een Entworf fir ee Gesetz zu Vorratsdatespäicherung virgeluecht. D’Piraten schwätze kloer vun engem Staubsauger a plaidéiere fir d’Ofschafung
Verschidden Haushalter hei am Land gi mat Fernwärme versuergt, fir hir Wunneng oder hiert Haus ze hëtzen. Och hei sinn d’Präisser a leschter Zäit