DP géint Regierung?

De Gusty Graas (DP) sot an der Chamber, d’EU net wëllen ze erweideren. Am Regierungsprogramm steet awer, dass Si dat wëllen. Also eng kontradiktoresch Ausso zu hirem Plang. Wéi steet d’Regierung dozou?

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch

Fro un de Minister fir Aussenugeleeënheeten an Europa weiderzeleeden.

An der Äntwert op d’Ried zur Aussepolitik vum Här Ausseminister de 14te Mäerz an der Chamber, huet en Deputéierte vun der DP deklaréiert, eng méiglech EU-Erweiderung wär an der aktueller Situatioun als net opportun ze wäerten.

Fir hien ze zitéieren “Ech soe ganz kloer am Numm vu menger Partei, dat et net als opportun ugesi fir elo Demarchen ze maachen d’europäesch Unioun nach ze erweideren. Dat gëllt souwuel fir d’Tierkei wéi och fir d’Balkanstaaten.”

Dës Ausso ass net identesch mam Koalitiounsaccord, wou geschriwwe steet “La politique d’intégration européenne de tout Etat européen qui respecte les valeurs fondamentales de l’Union sera soutenue.” (Säit 214).

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

Am Hannergrond vun der Diskrepanz tëschent den Aussoe vun der DP-Fraktioun an deenen am Koalitiounsvertrag, wéi eng Positioun vertrëtt d’Regierung an der weiderer europäescher Integratioun vun den aktuellen EU-Bäitrëttskandidaten?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene