D’Optioun vum Forfait bloqué

Beim Ofschléisse vun engem Handyskontrakt gëtt et Méiglechkeet vun engem “Forfait bloqué”. Doduerch kann de Client festleeën, dass nom Verbrauch vum am Kontrakt festgehalene Volumen un Uriff, SMSen an och Data mobil, all zousätzleche Verbrauch blockéiert gëtt. Esou kann de Client sécher sinn keng zousätzlech Forfaiten um Enn vum Mount mussen ze bezuelen. Dëse Service ass allerdéngs net gratis mee ass mat engem klengen Oppräis verbonnen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

Kann de Minister erklären, firwat de Client muss géint Oppräis een Iwwerschreide vu sengem Abonnement verhënneren?

Firwat ass de Forfait bloqué net d’Norm, esou dass all Client misst säin Accord ginn, falls dëse wëll de Risiko vun zousätzleche Fraisen agoen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4842

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt