Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Donnéeën zur Obesitéit

D’Obesitéit ass eng ëmmer méi grouss Erausfuerderung fir eis Gesellschaft. Laut Zuelen aus Frankräich ass d’Zuel vun de Persounen, déi un Obesitéit leiden, an de leschte Joerzéngten dramatesch geklommen. A Frankräich ass de Prozentsaz vun 8,5% am Joer 1997 op 17% am Joer 2020 geklommen, wat bedeit, datt méi wéi 8,5 Millioune Fransouse betraff sinn. Besonnesch alarmant ass d’Situatioun bei de Kanner: 34% vun de Kanner tëscht 2 a 7 Joer a 21% vun de Kanner tëscht 8 a 17 Joer waren 2020 a Frankräich iwwergewiichteg oder adipös.

Dës Entwécklung ass net nëmmen e gesondheetleche Problem, mee huet och ekonomesch a sozial Konsequenzen. An deem Kontext ass et wichteg ze verstoen, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit a wéi eng Moossname geholl ginn, fir dësem Problem entgéintzewierken. Gläichzäiteg stellt sech d’Fro, wéi d’Donnéeën iwwer de Gesondheetszoustand vun de Bierger, speziell am Beräich vun der Obesitéit, gesammelt, gespäichert a genotzt ginn, ënner Beuechte vum Dateschutz. 

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Wéi ass d’Situatioun zu Lëtzebuerg am Verglach zu de franséischen Zuelen? Wéi vill Prozent vun der lëtzebuergescher Bevëlkerung leiden un Obesitéit, opgeschlësselt no Alter a sozio-ekonomeschem Hannergrond?
  2. Wéi eng Moossname goufen a ginn a Lëtzebuerg geholl, fir d’Obesitéit ze bekämpfen a virzebeugen, besonnesch bei Kanner a Jugendlechen?
  3. A wéi enge staatlechen Datebanke ginn den Index de Masse Corporelle (IMC) an aner Donnéeë mat Bezuch op d’Gesondheet gespäichert? Wéi laang ginn dës Donnéeë gehal?
  4. Gëtt et eng Vernetzung tëscht de verschiddenen Datebanken, wéi zum Beispill dem Medico Sportif, der Médecine au Travail an anere medezineschen Institutiounen? Falls jo, wéi gëtt de Dateschutz dobäi garantéiert?
  5. Wéi ginn dës Donnéeën aktuell genotzt? Gëtt et Pläng, fir dës Donnéeën am Kader vun der Preventioun an der ëffentlecher Gesondheetspolitik ze benotzen? Wa jo, wéi soll dat ausgesinn?
  6. Gëtt et Pläng, fir d’Obesitéit als chronesch Krankheet unzeerkennen, änlech wéi et an anere Länner diskutéiert gëtt? Wéi eng Konsequenze kéint dat fir d’Gesondheetsversuergung zu Lëtzebuerg hunn?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll