Dokteraarbecht vun der Prinzessin Claire

Eis gouf zougedroe, dass d’Dokteraarbecht A bioethical analysis of the place of consent in organ donation with particular reference to the United States, Germany and Austria. Dissertatio ad doctoratum in facultae bioethicae Pontificii Athenaei Regina Apostolorum vun der Prinzessin Claire hei zu Lëtzebuerg net verfügbar soll sinn. Si wär anscheinend och just an enger eenzeger Bibliothéik verfügbar an zwar an der Bibliothéik vun der Universitéit zu Roum, wou d’Prinzessin Claire promouvéiert huet. An der Biografie vun der Prinzessin Claire vun der Maison du Grand-Duc gëtt explizit op hir Dokteraarbecht higewisen: “Nachdem sie 2009 an der Universität Regina Apostolorum in Rom einen Master in Bioethik mit summa cum laude abgeschlossen hatte, beschloss die Prinzessin, ihr Wissen zu vertiefen, indem sie eine Promotionsarbeit begann […] Für ihren Doktortitel (PhD) verteidigte sie ihre Dissertation in Rom zum Thema der ethischen Aspekte der Zustimmung von Organspenden.”

Lëtzebuerg huet ee Règlement Grand-Ducal vum 6. Dezember 2009 iwwert den Dépôt Légal, deen och Dokteraarbechten ofdeckt, falls dës mat ëffentleche Gelder finanzéiert goufen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gouf d’Prinzessin Claire fir hir Thèse materiell oder finanziell vun der Maison du Grand-Duc oder der Administration des biens de S.A.R. le Grand-Duc ënnerstëtzt?

  2. Ass de Kulturminister der Meenung, datt esou eng Ënnerstëtzung géif de Krittäre vum Art. 3 Punkt 3 vum Règlement grand-ducal du 6 novembre 2009 relatif au dépôt légal erfëllen, dee seet: “Est considérée comme éditée sur le territoire national: […] 3. toute publication, toute thèse et tout mémoire de recherche dont la production a été soutenue par un organisme du secteur public au Luxembourg.”

  3. Ass d’Aarbecht vun der Prinzessin Claire och hei am Land iergendwou disponibel respektiv deposéiert? Wa nee, firwat ass d’Aarbecht vun der Prinzessin Claire net an enger Bibliothéik hei am Land asehbar?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1793

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt