D’NSO Group kënnt op d’schwaarz Lëscht

Den 21ten Juli huet de Bausseminister sech an engem Bréif un 9 Firme vun der israelescher NSO-Grupp gewend. Dëst, well international bekannt gouf, dass mat der Software vun der Firma NSO Politiker an Aktivitsten ofgelauschtert ginn. An enger Aktualitéitsstonn hunn d’Justizministesch an de Bausseminister erkläert, dass NSO seng Software net vu Lëtzebuerg aus verkafe géing. Lëtzebuerg ass awer och am Besëtz vun esou Softwaren, wéi de Premier a senger Äntwert op eng rezent parlamentaresch Fro zouginn huet. Gëschter gouf bekannt, dass d’USA d’NSO-Grupp op hier schwaarz Lëscht gesat hunn, well NSO “engaging in activities that are contrary to the national security or foreign policy interests of the United States”.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert Lëtzebuerg op de selwechte Wee goen, wéi déi amerikanesch Autoritéiten?

  2. Wat fir Konsequenze wäert dës Decisioun fir Lëtzebuerg hunn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5182

Zesummenhang posts

Rezent Berichter, ënner anerem en Artikel aus “The Atlantic”, ënnersträichen de wuessenden Afloss vu “Private Equity”-Firmen an institutionellen Investisseuren um Wunnengsmaart. An den USA
Den 12. Januar 2026 huet de Gesondheetsministère d’Zuelen zu de Stierffäll zu Lëtzebuerg fir d’Joer 2024 publizéiert. Dobäi gouf uginn, datt et 98 Doutgebuerten