ACCOUNT

Verdeelung vu Kaliumiodidtabletten am Joer 2014 – Wéini mussen dës Pëllen ersat ginn?

Am Oktober 2014 gouf eng éischt Distributions-Campagne vu Kaliumiodidtablette gestart. Laut Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°2618 huet de Lëtzebuerger Staat deemools 2,5 Millioune Pëlle kaaft gehat. Ronn 182’000 Leit waren sech deemools Tabletten op hier Gemeng oder an hier Apdikt sichen. Um Site InfoCrise vum Staatsministère kann ee liesen: 

“Die Einnahme von Kaliumiodidtabletten ab 6 Stunden vor dem etwaigen Einatmen von radioaktivem Jod, also 6 Stunden vor dem Vorbeiziehen der radioaktiven Wolke, bietet der Schilddrüse hundertprozentigen Schutz.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat war den Verfallsdatum vun den 2014 verdeelten Kaliumiodidtabletten? Gedenkt d’Regierung déi ofgelafen Tabletten ze ersetzen an, gegebenfalls, eng néi Distributions-Campagne ze starten?

  2.  2014 kruten och 150 Entreprisë Kaliumiodidtablette verdeelt. An der Äntwert op déi deemoleg Fro heescht et: “”La commande de comprimés d’Iode par les entreprises est toujours possible et la Division de la radioprotection du ministère de la Santé continue à recevoir régulièrement de telles demandes par les entreprises.”” Wéi vill Ufroe sinn an deene leschten 2 Joer bei der Division de la radioprotection gemaach ginn?

  3. Och an de Schoulen, Maisons Relaisen a Crèchë goufen deemools Stocke vu Kaliumiodidtabletten opgestallt. Goufen eventuell ofgelafen Tabletten aus dëse Stocke schonn eraus geholl an ersat?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4031

Zesummenhang posts

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Aarbechtssichender, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, an déi de Statut vun engem Travailleur handicapé hunn, kënnen an
D’Gesetz vum 14te Juli 2015 reglementéiert den Accès zum Beruff vum Psychotherapeut. Et kann een ee Master an der klinescher Psychologie hunn, aner Diplomer
An hirer Äntwert op meng Question parlementaire n°7357 huet d’Ministesch geschriwwen, dass zum deemolegen Zäitpunkt insgesamt 388 Kanner a Jugendlecher duerch d’Geriichtsuerteeler vun deenen