Diskussionen mat der Fapsylux

Am Kader vun der Debatt iwwert de Suicide an der Chamber am Januar sot d’Gesondheetsministesch dass den Avis vum Staatsrot zum Thema Remboursement vun der Psychotherapie eng kloer Sprooch geschwat hätt, an dass d’Echeance vun der Fapsylux, fir nach am Januar an deem Dossier weiderzekommen, kann agehale ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Hunn an deem Kader scho Gespréicher mat der Fapsylux statt fonnt? Wann jo, wat gouf an dëse Gespréicher festgehalen?

  2. Wat gouf säit dëser Annonce vun der Gesondheetsministesch gemaach? Wat sinn déi nächst Schrëtt an dësem Dossier?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3660

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt