Diskriminatioun vun der kathoulescher Kierch an den USA

Nach ëmmer gi Mënsche weltwäit wéinst hirer sexueller Orientéierung diskriminéiert. An och wann de Code pénal esou eng Diskriminatioun ënner Strof stellt, gëtt et awer ëmmer nees Ausnamen. Eng konkret Ausnam schénge verschidde Glawensgemeinschaften ze sinn.  Am US-Bundesstaat Michigan huet de Bistum ugewisen, dass keng Persounen “déi ëffentlech an enger gläichgeschlechtlecher Bezéiung liewen” dierfen gedeeft, gefirmt oder eng lescht Salbung erhalen. Och transsexuell Mënsche mussen sech, fir sech fir hier Identitéit entschëllegen, wann si erëm Deel vun där Kierch wëlle sinn. Kanner aus Gläichgeschlechtleche Bezéiungen dierfen dann hei och net méi mat anere Kanner gedeeft ginn, mee just nach “privat”.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Regierung der Meenung, dass esou Decisioune kënnen een negativen Impakt op d’mental Gesondheet vun de Betraffenen hunn? Wéi positionéiert d’Regierung sech par Rapport zur Annonce aus Michigan?

  2. Kann d’Regierung ausschléissen, dass d’kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg op de selweschte Wee wäert goen, well eis Gesetzer esou eppes net erlabe géifen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5396

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen