Laang studéiert an da gëtt den Diplom zu Lëtzebuerg net unerkannt?!

Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am Land wëll unerkenne loossen. An der Reegel ass esou eng Unerkennung net néideg, wann den Diplom vun engem Lëtzebuergeschen Ausbildungsinstitut ausgestallt ginn ass, well da gëtt en automatesch enregistréiert. Ausname ginn et awer, wann den Diplom keen Titre de formation national luxembourgeois ass, well eng Ariichtung auslännesch Formatiounen hei am Land ubitt oder Formatiounen, déi net zu Lëtzebuerg accréditéiert sinn. Da kann am beschte Fall eng zousätzlech Inscriptioun am Registre de Titres néideg ginn, am schlëmmste Fall kann et awer och sinn, dass den Diplom guer net unerkannt gëtt an eng Inscription am Registre refuséiert gëtt vum Ministère. Fir déi concernéiert, déi vill Energie an hier Ausbildung gestach hunn, an deenen net bewosst war, dass hiren Diplom refuséiert géif ginn, kann dat eng tragesch Iwwerraschung ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Bildungsariichtunge bidden zu Lëtzebuerg mindestens eng Héichschoulformatioun un, déi zu engem Titel/Diplom féiert, deen op Grond vun den nationale Gesetzer iwwerhaapt net kann an de Registre des Titres de Formation opgeholl ginn?

  2. Ëm wéi vill verschidde Formatiounen handelt et sech heibäi?
    Wéi vill verschiddene Kategorie vun Titelen/Diplomer entsprécht dat?

  3. Kann de Minister d’Nimm vun den Héichschoulausbildungen nennen, déi zwar zu Lëtzebuerg ugebueden, mee wou d’Titelen dono net am Registre des Titres de Formation enregistréiert kënne ginn?
    Kann de Minister och d’Nimm vun den Ariichtungen nennen, an deenen dës Formatiounen ugebuede ginn?

  4. Wat mëscht de Ministère, fir beschtméiglech ze verhënneren, dass Persoune Formatiounen zu Lëtzebuerg suivéieren am Glawen, domat en Titel/Diplom ze kréien, deen och zu Lëtzebuerg unerkannt ass, obwuel dat net de Fall ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4637

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an