D’Jil Michels bei RTL an der Tribune Libre:
Moien Alleguerten,
Mäin Numm ass Jil Michels, ech si selbststänneg Estheticienne a Member bei der Piratepartei.
Ech hu mech selbstänneg gemaach, well ech Spaass hunn u mengem Beruff.
An ech wollt schonn ëmmer mäin eegenen Buttek hunn.
Vill Independanten, wéi ech, schaffen all Dag ganz haart fir eist Brout ze verdéngen. Oft méi wéi 12 Stonnen den Dag.
Corona huet eis Alleguerten schwéier getraff. Och fir mech ass dës Zäit net einfach:
Vun engem Dag op den aneren hunn ech mäi Buttek komplett missten zoumaachen, ouni dass ech eppes dogéint maache konnt.
Leider war d’Empathie mat den Independanten während dëser Kris net ëmmer ganz rouseg.
Net all Selbststännegen ass Millionär.
Ech weess net ob et jidderengem bewosst ass, wat et bedeit, wann engem seng Existenz vun haut op muer einfach ewechbrécht.
Dobäi sinn ech gäre selbstänneg.
Ech kann domat aktiv eppes zu eiser Gesellschaft bäidroen an ech kann dee Beruff maachen, dee mir gefällt. Ech vermëssen de Kontakt mat de Leit.
D‘Pirate wëllen, dass mir duerch d‘Coronakris ufänken eis Gewunnechten ze änneren.
Gitt an de klengen Butték ëm den Eck akaafen. Domat maacht Dir eppes fir eis Ëmwelt an dir kommt mat Mënschen a Kontakt.
Gitt e Kaffi drénken an de Bistro niewendrun. Domat ënnerstëtzt Dir Leit wéi mech.
A loosst eis mol éierlech sinn: Et ass dach traureg, wann all eis Foussgängerzonen eidel sinn a kee Liewen méi an der Uertschaft ass.
D‘Piraten hu meng Suergen vun Ufank un verstanen.
Si hunn sech dofir agesat Independanten wéi mech, NET ze vergiessen.
D‘PIRATEN sinn eng Partei, déi déi Selbststänneg ënnerstëtzt.
Fir datt ech mäi Beruff erëm kann ausüben, fuerderen d‘Piraten, datt kleng Geschäfter, wéi mäint, erëm direkt opmaachen däerfen.
Dat natierlech ënnert klore Bestëmmungen, zum Beispill 1 Client pro 16m2.
Déi eege Gesondheet, ma och déi vun Mataarbechter an Clienten sinn dobäi ganz wichteg.
Bei ENGEM Client pro 16m2 wier dat sécherlech garantéiert.
Elo, wou d’Ausgangsbeschränkunge soulues op een Enn kommen, heescht et fir all Indépendant : net schlofen !
Bestellt elo schonn d’Maske fir är Mataarbechter, stellt elo schonn Stonnepläng op, fir bereet ze sinn, wann d’Dieren erëm opmaachen!
Ech si prett!
Ech wënsche mir näischt méi, wéi endlech erëm ee Client a mengem Buttek kënnen ze begréissen.