Digitalisatioun an de Schoulen

An der Chamberssitzung vum 28ten Februar 2024 gouf eng Question élargie zur Digitalisatioun an de Schoule gestallt. An der Äntwert ass de Minister op d’Coursë vum Coding am Fondamental an op d’Digital sciences am Enseignement supérieur agaangen. A senger Äntwert huet de Minister erkläert, dass d’Zil vum Coding am Enseignement fondamental wier, fir de Kanner een algorithmescht Denken ze vermëttelen an hinnen domat ze weisen, wéi si ee grousse Problem léise kënnen, andeems si Schrëtt fir Schrëtt virginn a mat méi klenge Problemer usetzen, respektiv op méi klengen Ebenen ufänken. Dëse Cours misst dann och net onbedéngt mat der Hëllef vun engem digitalen Outil gehale ginn an d’Léierpersonal hätt vum Ministère eng Rei Informatiounen a Material kritt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi gesinn d’Formatioune vum Léierpersonal am Enseignement fondamental fir de Coding konkret aus? Wéi eng Inhalter gi vermëttelt?

  2. Wéi gesinn d’Formatioune vum Léierpersonal am Enseignement supérieur fir de Cours vun den Digital sciences konkret aus? Wéi eng Inhalter gi vermëttelt?

  3. Gëtt bei der Formatioun vum Léierpersonal op digital Outilen zréckgegraff? Wa jo, kann heibäi awer och nach ëmmer op analoogt Material zréckgegraff ginn, wëssend, dass de Cours herno an de Schoulen och ouni digital Outilen dierf ofgehal ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 726

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt