Dierwieschter

 Ech hunn schonn a fréiere Froen no Erklärungen zur Aarbecht vun den Dierwiechter gefrot (n°3177 an 6753).
Mam Gesetz vum 4ten Dezember 1990 iwwert d’Organisatioun vun den Dierwiechter an dem ofgeännerte Reglement vum 24ten Januar 1991, ginn d’Präisser, déi Dierwiechter dierfe froen, festgehalen. D’Dierwieschter mussen awer keng Bilanen virleën, an de Justizministère deem se ënnerstallt sinn, weess net wéi vill si mat hiren Etüde verdéngen.

D’Dierwiechter brauche fir hir Aarbecht awer och d’Ënnerstëtzung vu Polizist:innen, zum Beispill wann et zu Zwangsräumunge kënnt. D’Stonnen, déi d’Polizist:innen hei leeschten, sinn also ee Käschtefacteur fir de Staat.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi oft hunn an deene leschte 5 Joer musse Polizist:innen den Huissieren zur Säit gestallt ginn? Wéi vill Stonnen Aarbecht ass hei fir d’Andreiwung vun de Scholde geleescht ginn?

  2. Gëtt de Staat fir dës Aarbecht vun de Polizist:innen vun den Huissieren entschiedegt?

  3. Am Fall wou eng Famill muss hiert Doheem verloosse well et versteet ginn ass, gëtt hei direkt den Office social vun der Famill informéiert? Wa jo, wéini gëtt den Office social iwwert d’Situatioun informéiert?

  4. Ass d’Regierung der Meenung, dass d’Aufgabe vun den Dierwiechter:innen sollt an den Aufgabeberäich vun de staatleche Justizautoritéiten zréck kommen? Wëll d’Regierung den Dierwiechterstatut verstaatlechen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 477

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene