Diskriminéierung vu Fraen an der kathoulescher Kierch

2019 hat de lëtzebuergesche Weibëschof ausgeschloss, dass Fraen an der kathoulescher Kierch kéinte Paschtouer ginn. Dës ass bis haut nach d’Positioun vun der kathoulescher Kierch. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°1270 hat déi virëg Ministesch fir Gläichberechtegung erkläert, dass d’Regierung net an d’Reliounsfräiheet agräift, och wann hei d’Gläichheet tëschent de Geschlechter mat Féiss getrëppelt gëtt. An der Äntwert op d’Fro n°1463 schreift déi jetzeg Minisitesch fir Gläichheet an Diversitéit :
“Mäi Ministère steet kloer fir eng Gesellschaft, an där Fraen an all Beräich déi selwecht Rechter sollen ze gutt komme, wéi Männer.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert d’kathoulesch Kierch weiderhi Frae kënnen op Basis vun der Reliounsfräiheet diskriminéieren?

  2. Wäert ënnert dëser Regierung d’Reliounsfräiheet weiderhin iwwert de Fraerechter an der Gläichheet tëschent de Geschlechter stoen? 

  3. Wäert d’Ministesch d’Gespréich mat de Vertrieder vun der Kierch sichen a sech kloer fir d’Rechter vun de Fraen asetzen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1781

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt