Desinfektiounsgel am an beim ëffentlechen Transport

De 15ten Dezember gouf an der Chamber eng Motioun gestëmmt, déi virgesäit, dass am ëffentlechen Transport, an och bei Busarrêten a Garë sollen Desinfektiounsgel-Spender installéiert ginn. Den zoustännege Minister huet am Februar an der Chamber erkläert, dass bis elo an 11 Garë Spender opgestallt goufen. 

An de Recommandatioune vun der Santé fir d’Commercen, heescht et, dass de Patron de Salariéeën entweder Accès zu engem Lavabo mat Seef oder zu Desinfektiounsgel muss garantéieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Spender goufen am Januar opgestallt? Wéi vill am Februar?

  2. Huet de Minister sech, wéi an der Motioun gefrot, a Kontakt gesat mat de privaten a kommunalen Transport-Firme wéi dem TICE, a si invitéiert, och Desinfektiounsmëttel-Spender opzestellen?

  3. Wärend dem Debat an der Chamber huet de Minister erkläert, dass Luxtram an d’CFL plange fir kleng Ampulle mat Gel un d’Passagéier ze verdeelen. Sinn déi 20’000 Ampullen all verdeelt ginn? Gouf fir dës Ampulle recycléierte Plastik benotzt? Falls nee, wéi vill Kilo Plastiksoffall entstinn duerch dës Einweg-Produiten?

  4. Hunn all d’Centre commerciaux, déi ee Protocole sanitaire bei der Direction de la Santé agereecht hunn, an dësem Desinfektiounsmëttel-Spender fir d’Clientë virgesinn? Falls jo, firwat ass d’Bereetstelle vun Desinfektiounsgel am Commerce obligatoresch an am Transport net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3720

Am August hunn d’Piraten eng Nofro gestallt (n°4828):

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene