M. Sven Clement (Piraten)
Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Fréijoer ass do, d’Sonn weist sech e bësse méi oft an d’Terrasse sollen nees opgoen. Esou kéint een dat haut resuméieren. Mir Piraten begréissen d’Entscheedung, dem Horeca d’Méiglechkeet ze ginn, Clienten ze zerwéieren, an dat op den Terrassen, wou sech de Virus manifestement an der frëscher Loft an och bei steigenden Temperaturen – dat gouf jo och schonn nogewisen – manner séier verbreet wéi an zouene Raim. Och d’Entscheedung, d’Ëffnungszäiten an enger éischter Phas nach e wéineg anzeschränken an op sechs Auer ze limitéieren, fanne mer duerchaus akzeptabel, gëtt se engem dach d’Méiglechkeet, den Impakt vun der Lockerung an de kommende Wochen als Éischt ze evaluéieren, ier een dann hoffentlech méi laang Ëffnungszäite ka virgesinn. Wann d’Hygiènesmesuren op den Terrassen agehale ginn, dat heescht, d’Distanze respektéiert ginn, d’Leit hir Masken droen, wa se sech deplacéieren, dann ass den Infektiounsrisiko ganz reduzéiert. Mir hunn also hei eng Chance, de Mënschen an enger Phas vun der Kris, an där bei villen de Rimm esou lues awer wierklech erofhänkt an déi psychologesch Konsequenzen ëmmer méi däitlech ginn, kuerz Auszäite mat e wéineg, enger Grëtz méi Normalitéit op den Terrasse bidden ze kënnen. Mee, an dat muss ech awer och an aller Däitlechkeet soen, eis aktuell Infektiounszuele sinn net gutt. D’Bedéngungen, déi op enger Terrass am Géigesaz zu engem zouene Raum gi sinn, erlaben eis et, dës Ouverture ze maachen, trotz eisen Zuelen an net wéinst hinnen. A genee dat ass dee kriddelege Punkt vun dësem Gesetz, dat all puer Wochen ad hoc ugepasst gëtt an nach ëmmer net duerch e Gesetz mat klore Stufen ersat ginn ass. Et ass eng kloer Tendenz no uewen ze erkenne bei den Infektiounszuelen a bei den Zuele vun den Hospitaliséierten an de Spideeler. An trotzdeem kënnt elo eng Ouverture. Dat kann d’Leit duerjernee maachen a se gleewe loossen, datt d’Situatioun sech verbessere géif an dofir d’Terassen erëm géifen opgoen. An engem Gesetz, wat awer méi nuancéiert wär, kéinten d’Leit vill méi däitlech gesinn, datt eng Ouverture vun den Terrassen ab gewëssen Temperaturen och an zimmlech schlechte Phase scho kéint envisagéiert ginn, well et eebe baussen anescht ass wéi bannen. Esou kéimen d’Leit net esou séier op d’Iddi, d’Ouverture vun der Terrass mat enger däitlecher Verbesserung vun der Gesamtsituatioun ze verwiesselen, a géifen net Gefor lafen, lues a lues manner gutt opzepassen. Ben, genee dat gëllt et selbstverständlech strengstens ze verhënneren.
An Här President, ier ech elo op déi méi kritesch
Punkten zum Projet de loi aginn, wollt ech Iech hei eng Demande fir e Vote séparé virleeën, fir den Artikel 2, dat ass d’Ouverture vun den Terrassen, separat ofstëmmen ze loossen, ënnerschriwwe vun
alle Fraktiounen heibannen.
(M. Sven Clement dépose une demande de vote séparé sur l’article 2 du projet de loi 7795.)
M. Fernand Etgen, Président.– Merci, Här Clement.
M. Sven Clement (Piraten) Dofir dann och e Merci u jiddwereen, deen dat ënnerstëtzt huet. Et ass nun emol esou, datt eise Reglement virgesäit, datt fënnef Leit dat mussen ënnerschreiwen. Mir hunn et dann hei an dësem Fall op e puer méi bruecht, wat ech definitiv begréissen, well et eng Nuancéierung och vun den Aussoen hei op der Tribün zouléisst. Komme mer zu deem méi Negativen. Komme mer zu deem Gepuzzles, wat mer hei maachen, well, an dat mierkt ee jo, mir sinn hei an engem Puzzlegesetz. Mir sinn an engem Gesetz, wou reegelméisseg erëm Saache probéiert gëtt, Saachen dranzeschreiwen, déi net ganz gutt duerchduecht sinn, déi heiansdo souguer schlecht duerchduecht sinn. An do kënnt mer dann awer direkt deen ominéise Regëster an de Kapp. Bon, wann ech vun der Ouverture vun den Terrasse geschwat hunn, da bleift just nach de Regëster fir ze kritiséieren, well duerno, all de Rescht, dat ass u sech schéi verstoppt einfach eng Verlängerung vun all de Mesuren, déi mer hei schonn x-mol kritiséiert hunn. Dat heescht, de Regëster: Dee Regëster sollt – an dat hunn ech u sech begréisst – ganz dateschutzkonform ganz wéineg Donnéeën erhiewen. De Problem war, si waren esou wäit gaangen an der Dateschutzkonformitéit, datt se déi wierklech relevant Donnéeën net wollten erhiewen, nämlech: Wou sëtzt een a wéini war een am Restaurant? Ouni déi Donnéeë konnt een awer natierlech keen Tracing maachen. An ech hu mer och ëmmer d’Fro gestallt, wann een nëmme mat enger Persoun, déi net am Haushalt wunnt, däerf op eng Terrass goen an den Tracing
nëmmen 48 Stonnen zréckgeet, wéi een da kéint an deenen 48 Stonne vergiessen, mat wiem een alles op enger Terrass war. Dat heescht, et huet een der Tracingekipp warscheinlech um Telefon scho gesot, mat wiem een do souz, ier een iwwerhaapt dee Regëster do weiderginn huet. Soit, et ass gutt, datt dëse Regëster gestrach gouf. Et ass gutt, datt en erausgeholl gouf, well spéitstens mam Avis vun der CNPD war kloer, datt de Regëster och net exploitabel gewiescht wär, well déi Donnéeën, déi erhuewe sollte ginn, wäre guer net méiglech gewiescht ze benotzen, well d’Transmissioun un d’Santé just bei engem Contact à haut risque hätt dierfe gemaach ginn. A mir wëssen alleguerten, déi eenzeg, déi e Contact à haut risque duerstellen – esou laang kenne mer d’Gesetz elo mëttlerweil -, dat sinn déi Leit, mat deenen ee 15 Minutten ouni Mask en direkte Kontakt mat manner wéi zwee Meter Distanz hat. An dat ass einfach nëmme fir deen de Fall, dee vis-à-vis vun engem um Dësch souz. Bref, et ass gestrach ginn an et huet gewisen, datt d’Kommissiounsaarbecht fonctionéiert, datt eenzel Deputéiert … An ech soen do, jo, ech war do een dovunner, mee et waren awer och eng ganz Rëtsch aner Kolleeginnen a Kolleegen dobäi, déi dat hei kritesch gesinn, souwuel vun der Oppositioun wéi vun der Majoritéit.
M. Mars Di Bartolomeo (LSAP).– Dat ass dat, wat ech ëmmer soen!
M. Sven ClemenX (Piraten).
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, wa mer haut dovu schwätzen, d’Terrassen nees opzemaachen, an dovun, wat fir Konsequenzen dat och fir de mentalen Aspekt huet, däerfe mer awer och net déi Leit vergiessen, fir déi dës Ouverture guer näischt ännert: déi Leit, déi sech et guer net leeschte kënnen, sech op eng Terrass ze sëtzen. Fir vill Leit besteet d’Liewen nämlech – net eréischt säit dem Covid – just doran, ze schaffen an doheem ze sinn. Fir vill Leit war et och virun de gesetzleche Restriktiounen net méiglech, an de Restaurant, an de Kino oder op e Concert ze goen. Net well e Gesetz hinnen et verbueden hat, mee well de Kontostand hinnen et verbueden huet. D’Suen hu gefeelt. Ech hoffen, datt eis dës Kris méi sensibel fir Leit an dëse Situatioune gemaach huet. An ech hoffen, datt d’Regierungsmembere sech verhale wäerten, wéi si sech an dëser Kris gefillt hunn, wéi hiert Liewe sech ëmmer méi nach just ëm d’Aarbecht an déi eege véier Wänn gedréint huet a wéi se sech dunn drop gefreet hunn, nees e Glieschen an der Sonn drénken ze kënnen, wat mer jo dann elo gläich erëm kennen. Ech hoffen, datt sech dëst Gefill verhale gëtt, wann déi nächste Kéier doriwwer geschwat gëtt, datt de Mindestloun ëmmer nach ënnert der Aarmutsrisikogrenz läit an datt d’Steierreform fir Wittfraen, Wittmänner an Elengerzéiend ëmmer nach op sech waarde léisst. Et gëtt vill Leit, déi wéinst hirer finanzieller Situatioun an enger Aart konstantem Lockdown liewe mussen. A mir däerfen dat net vergiessen! Genee wéi mer och déi Eelst a Vulnerabelst aus eiser Gesellschaft, déi heefeg an den Altersresidencen net méi wierklech um gemeinschaftleche Liewen deelhuelen, net vergiessen däerfen. Déi lescht Wochen hunn eis op eng schrecklech Aart a Weis nees virun Ae geféiert, wéi vulnerabel den drëtten Alter en face vum Covid ass. Konkreet Fäll vun Haiser, an deene vill Mënschen hiert Liewen hu misse loossen, goufen ëffentlech beschwat – an hoffentlech wäert eng wierklech onofhängeg Enquête an dësen Dossieren zäitno nach méi Liicht an
d’Donkelt bréngen! Fir datt et an Zukunft awer net méi soll zu esou nodréiglechen Evaluatioune vu sanitäre Mesurë kommen, déi an engem Altersheem oder engem Logement encadré geholl goufen, hunn ech haut eng Proposition de loi deposéiert, déi virgesäit, datt d’Strukture fir eeler Leit mussen hir Protocoles sanitaires vun der Direktioun vun der Santé validéiere loossen. Bis elo gesäit d’Gesetz nämlech dës Flicht just fir d’Grande-surfacë vir, déi eigentlech op vill manner Hygiènesmoossnamen oppasse mussen. Dat soll duerch meng Proposition de loi geännert ginn, déi och virgesäit, datt all Haus muss e Konzept hunn, fir am Noutfall e Cohortage kënnen ze maachen, sief et am Haus oder vläicht an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an engem anere Gebai. Déi lescht Wochen hu gewisen, wat fir schlëmm Konsequenzen et kann hunn, wann de Virus sech an der Population âgée ausbreede kann. An d’Politik kann hei net einfach weider hir Responsabilitéiten ignoréieren an op den Terrain ofdrécken. Ech weess, datt all d’Haiser grouss Efforte gemaach hunn, fir hir Residenten ze schützen. An ech deposéieren dës Proposition de loi och net, well ech mengen, datt d’Alters- a Fleegeheemer ouni e Gesetz, wat hinne virschreift, e Protocole sanitaire ze hunn, keen hätten. Ech denken, datt déi allermeescht e Kriseplang gemaach hunn, och wa se net dozou obligéiert waren. Mee si ware mat dësem Plang bis elo aleng a si hunn duerfir d’Responsabilitéit och aleng gedroen. Dat ass eppes, wat zu villen Onsécherheeten an dann och zu Feeler féiere kann. An dat hu mer gesinn. Andeems een e Protocole sanitaire virgesäit, dee vun der Santé muss validéiert ginn, garantéiert een, datt am Viraus an Zesummenaarbecht tëscht de Gestionnairen an der Santé déi bescht Mesurë geplangt goufe fir den Noutfall. An et hëlt een esou e bëssen den Drock vum Kessel, ënnert deem d’Gestionnaire aleng dës Kris geréiere mussen. Wann d’Familljeministesch sech weider aller Verantwortung entzitt, muss ee sech net wonneren, wann um Terrain Feeler geschéien. Wann d’Regierung net wëllt aktiv ginn, da muss d’Chamber dat maachen. Ech hoffen, datt mer an de kommende Wochen an de Kommissiounen un dëser Proposition de loi kënne schaffen, datt mer se zu engem Konsens kënnen ausbauen, deen am nächste Covidgesetz Enn Abrëll kann agebaut ginn. Mir mussen déi eeler Populatioun schützen, an dofir muss d’Regierung sech hei beweegen. Ech verstinn an dësem Kontext och net, wéi ech op meng parlamentaresch Fro d’Äntwert kréie konnt, datt Mataarbechter vun de privaten Ambulanzen net géife prioritär geimpft ginn. Wie féiert dann déi eeler Leit, wa se krank sinn, op hire Rendez-vous bei den Dokter? De CGDIS – déi, déi geimpft sinn, dat ass ganz positiv -, dee kënnt just am Noutfall. Esou wéi ronderëm d’Spidol e Cordon sanitaire gezu gouf, misst een och hei ee ronderëm eis eeler Populatioun maachen.
Här President, ech kommen esou lues zum Schluss, net ouni awer nach op déi Studie, déi haut schonn e puermol zitéiert gouf, anzegoen, nämlech déi, déi en Effekt vum Couvre-feu gesäit. Jo, et gëtt en Effekt. Déi 13 % wëll ech awer emol relativéieren, well déi 13% , dat ass d’Moyenne vun allen Effekter, déi se observéiere konnten. Et geet éischter vu 5% Effekt bis 20 %, mat hirem Duerchschnëtt vun 13 %. Et muss ee sech also d’Fro stellen, wou dann éischter 5 % stattfannen a wou éischter 20 %. Da kéint ee vläicht ganz laienhaft, ouni ganz gutt an der Statistik ze sinn, dovunner ausgoen, datt an deene Länner, wou ee méi strikten, méi laange Couvre-feu gëllt, den Impakt och warscheinlech e bësse méi grouss ass. Et gi jo méi Prozent vu Beweegungen am Dag limitéiert. Soudatt fir Lëtzebuerg – mat engem awer, trotzdeem datt et eng liberticid Mesure ass, nach mat deem liberaalste Couvre-feu, deen, dee mir hunn – ee sech d’Fro muss stellen, ob mir net éischter méi no bei 5% wéi bei 20% leien. A genau da muss ee sech awer d’Fro stellen,
(Interruption par la présidence)
… ob 5% Reduktioun vum R-Wäert, ob dat déi Aschränkunge wäert ass, déi mer hei gemaach hunn.
(Interruption par la présidence)
Här President, ech héieren d’Klack, ech weess, wat et bedeit. Ech kommen zum Schluss.
(Interruption)
Mir wäerten dat – d’Mesuren ze verlängeren – net kënne matstëmmen, dat hu mer hei schonn e puermol argumentéiert. Mee mir freeën eis awer op de Vote séparé, fir kënnen déi Mesure, fir d’Terrassen opzemaachen, matzedroen.
Ech soen Iech Merci.