Denkmalschutz zu Dippech: firwat gouf een erhalenswäert Gebai einfach ofgerappt?

Op der Adress 72, route de Luxembourg zu Dippech (Kadasterparzell 634/2187) stoung ee Gebai, dat zanter 2019 an enger Procédure de classement war. Mindestens zanterdeem wossten d’Propriétaire vun dësem Gebai, dass si Mesures de conservation mussen huelen, fir d’Gebai net zesummefalen ze loossen. 

Dozou ass et awer net komm, well de 14te Februar 2023 gouf ugefaangen, dat ganzt Gebai ofzerappen. Effektiv hat de Buergermeeschter vun der Gemeng Dippech de 6ten Oktober eng Autorisation de démolition ausgestallt “sous réserve d’autres autorisations ne relevant pas de la compétence de la commune.” 

Haut ass d’Scheier ganz ofgerappt an den Denkmalschutz vum Gebai existéiert just nach um Pabeier. An der Äntwert op d’Fro n°7511 hat d’Ministesch geschriwwen
“”Mat der Intentioun trieden d’Effete vum Klassement a Kraaft. Och déi concernéiert Gemeng kritt dës Intentioun a kann hiren Avis dozou ofginn.””

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wosst d’Ministesch iwwert d’Ofrappaarbechten vun dësem Gebai op Nummer 72, route de Luxembourg zu Dippech Bescheed?
    Falls jo, wéini ass si doriwwer informéiert ginn?
    Wéini huet de Kulturministère reagéiert a wat gouf ënnerholl, fir d’Ofrappaarbechten ze verhënneren?

  2. Géint wéi een Artikel aus dem Denkmalschutzgesetz huet de Besëtzer vun dësem Terrain verstouss a wéi eng Strofen (Artikelen 115 bis 120) missten an deem Fall applizéiert ginn?

  3. Mengen Informatiounen no huet de Proprietär vum Terrain nodréiglech gefrot, fir eng Demande de régularisation beim Kulturministère eranzereechen.
    Kann d’Ministesch dëst confirméieren an Detailer iwwert dës Demande de régularisation oppeléeën:
    • Wat ass déi legal Basis dovun a wat stellt sou eng Regularisatioun konkret duer?
    • Ass sou eng Demande de régularisation iwwerhaapt am Aklang mat den Dispositions pénales aus dem Denkmalschutzgesetz a kënnen déi Dispositions pénales trotz enger Régularisatioun nach applizéiert ginn?

  4. Wéi oft ass et an de vergaangenen 10 Jore virkomm, dass Gebaier, déi an enger Classementsprozedur waren, trotzdeem beschiedegt, verännert oder ofgerappt goufen?
    Wéi oft sinn dës Fäll iwwert eng Demande de régularisation gereegelt ginn?   

  5. Wéi wäert d’Ministesch op dëse flagrante Fall reagéieren a wéi eng Suite wäert d’Ministesch dësem Fall ginn, fir dass d’Dispositiounen aus dem Denkmalschutzgesetz applizéiert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7699

Zesummenhang posts

D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an deene leschte Joren immens geännert. Zënter der Invasioun vun der Ukrain, der uschléissender Inflatioun an der Erhéijung vun
Wärend der Covid-19-Pandemie huet een erausfonnt, dass ee vill Zäit a Ressourcë ka spueren, andeems ee Reuniounen iwwert Videokonferenz ofhält. Esou goufe wärend der
An der Press gouf bericht, datt den US-amerikaneschen Entreprise SpaceX en Accord mat der indescher Firma vum Milliardär Mukesh Ambani ënnerschriwwen huet, fir de