Den Zuch deen ni koum

Ville Passagéier, déi vill mam Zuch fueren, ass opgefall, dass an de leschte Wochen eng Rëtsch Zuchverbindunge wéinst “raisons opérationelles” ausgefall sinn. Wéi am L’essentiel ze liesen ass, ass d’Streck tëschent Esch/Uelzecht an Audun-le-Tiche a béide Richtungen zou, dat wéinst ze ville Krankeschäiner bei den Zuchbegleeder.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Zich sinn, opgeschlësselt pro Mount, am Joer 2023 gefuer? 

  2. Wéi vill Zich sinn 2023, opgelëscht no Mount, ausgefall?
    Wéi vill dovunner si bedéngt duerch d’Absence vum Lokféierer oder Zuchbegleeder ausgefall?

  3. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°1639 vun 2019 krut ech verschidden Zuelen zur Personalsituatioun bei de Lokféierer, dorënner de Personalbestand, d’Zuel vun den Neiastellungen, d’Zuel vu Kënnegungen, d’Unzuel un Iwwerstonnen an d’Zuel u gestrachene Roudeeg. Kann d’Ministesch dës Tableaue mat den Zuele fir d’Joren 2020 bis 2023 ergänzen, mat enger Opdeelung tëschent Zuchbegleeder a Lokféierer?

  4. Wéi huet sech d’Unzuel u Krankeschäiner tëschent vun de Joren 2018 bis 2023 entwéckelt bei de Lokführer a bei den Zuchbegleeder?

  5. Ass d’Ministesch der Meenung, dass déi aktuell Personaldecken duergeet, fir déi aktuell an déi zukünfteg Unzuel u Prestatiounen vum Passagéiertransport ze garantéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 165

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene