An engem Interview an enger Lëtzebuerger Dageszeitung huet de Sportminister bedauert, dass 900 vun 1.300 Sportsveräiner keng Demande fir de Subside qualité plus gemaach hunn an dësen unzefroen, wuelwëssend, dass laut groussherzoglechem Reglement dëse Subsid nëmmen deene Veräiner zegutt kënne kommen, déi Kompetitiounssport bedreiwen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Laut dem Aktivitéitsrapport vum Sportsministère goufen et 2024 1.284 Sportsveräiner zu Lëtzebuerg. Wéi vill vun dëse Sportsveräiner maachen ee Kompetitiounssport a falen deemno, an der Theorie, ënnert d’Bestëmmunge vum deementspriechendem groussherzoglechem Reglement?
Laut Aktivitéitsrapport 2024 sinn am Joer 2023 325 Veräiner, vun insgesamt deemools 1.300 Sportsveräiner, mat 4.384.825 € subsidéiert ginn. Am Joer 2024 waren et 324 Veräiner vun insgesamt 1.284 Sportsveräiner, déi zesumme 4.547.350 € kritt hunn. Am virdrun erwäänten Artikel huet de Minister bestätegt, dass dee Veräin, deen am meeschte kritt huet, insgesamt 105.000€ iwwerwise krut. Kann de Minister d’Lëscht mat de Veräiner(opgeschlësselt no de jeeweilege Montanten an der Unzuel vun de Kanner ënnert 16 Joer) fir d’Joer 2023 an 2024 virleeën?
Laut der Äntwert op d’Fro N°1673 hu fir d’Joer 2024 401 Sportsveräiner eng Demande fir de Subide Qualité plus eragereecht. Et goufen awer just d’Demande vun 324 Veräiner accordéiert. Aus wat fir enge Grënn si 77 Demanden net zréckbehale ginn?
Am Interview seet de Minister, hie kéint net verstoe, firwat net méi Veräiner eng Demande stelle géifen: „ Das Geld liegt sozusagen auf dem Boden, aber es wird nicht aufgehoben – und dann können wir als Sportsministerium auch nicht mehr weiterhelfen“. An der Äntwert op meng Fro n°1636 huet de Minister deemools geäntwert: „D’Prozedur fir de Subsiden unzefroen ass all Joer déi selwecht, sou dass d’Veräiner net op d’Circulaire brauchen ze waarde fir hier Demande ze preparéieren”. Am besoten Interview huet de Minister awer och nach gesot: „ Vielleicht wurde in der Vergangenheit nicht genug kommuniziert“. • Ass de Minister der Meenung, dass am Joer 2024 genuch kommunizéiert ginn ass, mat Ausnam bei der Iwwerschreidung vum Delai? • Mengt de Minister net, dass de Sportsministère misst méi proaktiv un d‘Veräiner erugoen a méi mat de Veräiner misst kommunizéieren? Ëmsou méi, well déi betreffend Circulaire fir d’Joer 2024 réischt den 2. Juli 2024 un d’Sportverbänn adresséiert ginn ass, also kuerz virun der Summerpaus, an den Delai, fir eng Demande iwwert guichet.lu ranzereeche bis den 30 September war, also kuerz no der Rentrée?
Ee grousse Problem besteet och duerch d’Prozedur vun den Homologatioune vun der Qualifikatioun vun den Traineren duerch den INAPS, wou vill Zäit verluer geet, och well déi zoustänneg Kommissioun net esou oft zesummekënnt. Wéi well de Minister des Prozedur an Zukunft vereinfache respektiv beschleunegen?
QP Nummer 2136