Fir d’Betriber ze ënnerstëtzen, duerch d’Covid-Kris ze kommen, setzt d’Regierung ënnert anerem, op den Outil vum Chômage partiel. Wärend sech Lëtzebuerg matten an enger drëtter Infektiounswell befënnt, krute verschidde Patronen als Äntwert op hier Lescht Demande, fir de Chômage Partiell unzefroen, awer e Bréif, an deem si informéiert ginn, dass hier Aktivitéit net méi vum Covid betraff wier an si dofir net méi fir de Chômage partiel a Fro kéimen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi eng Aktivitéite sinn der Regierung no net méi vun der Pandemie betraff?
-
Unhand vu wéi enge Krittäre leet d’Regierung fest, wéi eng Aktivitéiten, fir de Chômage partiel a Fro kommen a wéi eng net?
Fro n°3082