Delai fir Demande fir Subside beim Sportsministère

Laut Artikel 7 vum ofgeännerte Règlement grand-ducal du 23 décembre 2016 concernant les subsides accordés aux clubs sportifs affiliés auprès d’une fédération sportive agréée mussen d’Veräiner hier Demande fir de Subside de base respektiv de Subside qualité plus bis den 30ten September eraginn.

An enger Mail vum Sportsministère un d’Präsidente vun de Sportverbänn gëtt annoncéiert, dass en vue vun der grousser Unzuel u Veräiner, déi nach keng Demande am Delai eraginn hunn, dëst nach nodréiglech tëscht dem 5ten an dem 12ten November kënne maachen.

  1. Ass de Minister net der Meenung, dass déi Circulaire am Juli 2024, domat kuerz virun der Summerpaus an en vue vum Delai vum 30te September,  ze spéit erausgaangen ass? Dëst ëmsou méi, et well dës déi Jore virdrun Ufanks Juni oder souguer Enn Mee erausgeschéckt ginn ass?
  2. Och wann d’Verlängerung vum Delai fir d’Veräiner ze verstoen ass,  fir esou vill méi méiglech Veräiner eng Ënnerstëtzung fir hier Jugendaarbecht zoukommen ze loossen, wéi erkläert de Minister säi Virgoen, fir sech mat enger Mail un d’Federatiounen iwwert een Delai an engem groussherzoglechem Reglement ewech ze setzen?
  3. Wat fir en Impakt hat d’Verlängerung vum Delai op d’Unzuel vun den agereechten Demande?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt