D’Ekippen beim 112 an 113 – Nofro – Nofro

A menger parlamentarescher Fro Nummer 4938 vu September 2021 hat ech d’Madamm Ministesch op verschidde potentiell Dysfonctionementer um 112 higewisen. Laut der Äntwert op d’Fro 6982, Froen 1 an 2, huet d’Madamm Ministesch nëmmen d’Informatioun vun 2 Agente beim CGDIS, déi den 112 verlooss hunn, an eng Persoun, déi geplangt huet de Service ze verloossen. Dëst ass mengen Informatiounen no net richteg. Et wiere mindestens 5 Persounen, déi de Service 2022 verlooss hätten an eng Persoun, déi den Départ annoncéiert hätt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Agenten hunn tatsächlech säit Ufanks dës Joers den 112 verlooss?

  2. War d’Madamm hei falsch informéiert?

  3. Wien huet der Madamm Ministesch dës Informatioune ginn? 

  4. Wéi eng Beméihunge wäert d’Madamm Ministesch ënnerhuelen, dass d’Chamber an Zukunft richteg Äntwerten aus hirem Ministère kritt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7189

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt