Ee Buergermeeschterposten um Verhandlungsdësch

Published by Piraten on

No der Demissioun vum Roberto Traversini haten d’Pirate schonn den 20te September Neiwahlen zu Déifferdeng gefuerdert.

No der Demissioun vum Roberto Traversini haten d’Pirate schonn den 20te September Neiwahlen zu Déifferdeng gefuerdert. D’Majoritéitsparteien am Gemengerot, bestéiend aus CSV an Déi Gréng, hu gewisen wat si vun dëser Iddi halen an hunn wéi gewinnt de Buergermeeschterposten am Hannerzëmmer ënnert sech ausgehandelt, woubäi d’Wahl op d’Madamm Brassel-Rausch gefall ass. 

D’Madamm Brassel-Rausch ass fënneftgewielten op der Déifferdenger Lëscht vun Déi Gréng mat grad mol der Halschent vun de Stëmmen, déi de Roberto Traversini krut. Falls d’Majoritéit d’Madamm Brassel-Rausch als Buergermeeschtesch am Gemengerot confirméiert, wär dat een Hohn fir all Wieler.

De Buergermeeschterpostë vun der drëttgréisster Stad vu Lëtzebuerg ass wéi um Kouhmaart zum Handelsobjet ginn. D’Verhale vun de Majoritéitsparteie stellt ee weideren Déifpunkt fir d’Transparenz an d’Demokratie an der Politik duer. Esou Aktioune féieren nëmmen zu engem weidere Vertrauensverloscht vum Wieler an d’Politik. 

D’Pirate bestinn op de Prinzip vun der demokratescher Legitiméierung vun eise Volleksvertrieder, ob um Gemengenniveau oder um nationale Plang. Neiwahlen zu Déifferdeng wären ee richtege Schrëtt gewiescht.

Categories: News

0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.