Déiereschutz op Bauerenhäff

D’Déiereschutzorganisatioun Amiavy asbl beriicht an engem Post vum 27te Mee 2022 op de soziale Medien dovunner, dass rezent ee Bauerenhaff zougemaach gouf, wou Déiere jorelaang ënnert onwierdege Bedingungen hu misste liewen. D’Fotoe weise knaschteg Fudderstellen an ofgemagert Déieren. D’Awunner vun dësem Duerf hunn sech jorelaang fir d’Schléissung vun dësem Bauerebetrib agesat, deen trotz dësen Ëmstänn weiderhin Mëllech u Molkereie geliwwert huet. D’Associatioun informéiert, dass dës Liewensbedingungen um Bauerenhaff den Autoritéiten (Police a Veterinärsinspektioun?) zënter 6 Joer bekannt war, bis d’Justiz viru kuerzem hei de Betrib zougemaach huet. Et ass onerklärlech, dass trotz manifesten Mëssstänn et esou laang huet missten daueren, bis d’Autoritéiten de Bauerenhaff zougemaacht hunn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat huet d’Schléissung vun dësem Bauerenhaff 6 Joer gedauert? 

  2. Wéi vill Betrieber sinn aktuell an der Prozedur, fir zougemaach ze ginn?

  3. Wéi gesäit d’Prozedur aus, wann ee Baueren- oder Ziichterbetrieb d’Déierewuel net méi garantéiere kann? 

  4. Wéi eng Kompetenzen huet d’Veterinärsinspektioun, fir an esou Fäll direkt den Déiere kënnen ze hëllefen?

  5. Wéi vill Kontrolle vu Bauerenhäff goufen et vun der Veterinärsinspektioun an de vergaangene 4 Joer gemaach?  Wéi vill Verstéiss goufen an deem Zäitraum géint Déiereschutzgesetz festgestallt?

  6. Wéi eng Opfangsstrukturen existéieren hei am Land oder am noen Ausland fir Déieren, déi vun engem Bauerenhaff oder eng Ziichterei beschlagnaamt ginn? Falls keng existéieren, wou wier et opportun där ze hunn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6330

Source vun der Foto: Facebook-Post Amiavy asbl

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene