Déierentransporter – Nofro

An der Äntwert op d’Fro n°3800 huet de Minister erkläert, dass am Ganzen 3023 Déierentransporter vu Lëtzebuerg aus an d’EU Ausland gaangen. Wéi awer schonn an der Fro 3800 erkläert koum et an der EU schonn zu Fäll an deenen d’EU Ausland am Endeffekt nëmmen een Transitland war, an Déieren herno am Net-EU Ausland gelant sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn dem Ministère Fäll bekannt, wou een EU Land am Endeffekt nëmmen d’Transitland vun engem Déierentransport aus Lëtzebuerg war, Déieren also no 48h Stonnen op ee weideren Transport geluede goufen an d’EU verlooss hunn?

  2. An der Äntwert op d’Fro 3800 sot de Minister, dass vun den 51 Transittransporter an deene leschte 5 Joer, keen eenzege kontrolléiert gouf. Firwat goufen dës Transporter ni kontrolléiert? Sinn esou Kontrollen an Zukunft geplangt?

  3. Huet den Ministère Donnéeën iwwert den Zoustand an deem Déieren aus Lëtzebuerg nom Transport waren? Wéi vill Déieren hunn 2020, den Transport an d’Ausland net iwwerlieft? Bei wéi villen Déiere goufen 2020 Verletzunge festgestallt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4101

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt