Deier Formatiounen bei der ADEM

Leit, déi bei der ADEM eng Aarbecht sichen, kënne Formatioune maachen, fir esou hir Chancen op eng Aarbechtsplaz z’erhéijen. D’Käschte vu verschidde Formatioune ginn direkt vun der ADEM iwwerholl, zum Beispill iwwert ee Vouchersystem, deen ee ka bei enger Organisatioun aléisen. 

Fir aner Formatioune bezilt d’ADEM d’Käschten eréischt, wann d’Leit d’Formatioun fäerdeg gemaach hunn. D’Leit mussen an deem Fall d’Geld virstrecken. Heiansdo kaschten dës Formatiounen awer dausenden Euro an d’Leit hunn dat Geld dann net a sëtzen an der Zwéckmillchen.

  1. Wéi eng Léisunge bitt d’ADEM de Leit, déi an der uewe beschriwwener Situatioun sinn?
  2. Kéint d’ADEM hei net och d’Käschte vun der Formatioun direkt virstrecken? 
    Falls nee, besteht dann net d’Méiglechkeet, dass d’ADEM ee Pabeier ausstellt, mat deem d’Leit op mannst kéinten ee Kredit op enger Bank ophuelen, fir hir Formatioun kënnen ze bezuelen an d’Suen duerno vun der ADEM rembourséiert ze kréien?

Fro n°1431

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt