DeepSeek-Verbuet

 Déi chineesesch Firma Deepseek huet am Beräich vun der kënschtlecher Intelligenz de Maart opgewierbelt an d’Aktiecoursen vu Konkurrenzproduiten abrieche gelooss, well déi nämmlecht Servicer zu engem Brochdeel vun de Käschten ugebuede kënne ginn.

Allerdéngs ass aus sécherheetspolitescher Siicht d’Notzung vum chineesesche Produit ëmstridden, well heibäi massiv perséinlech Donnéeë vu Bierger:innen vun der chineesescher Regierung kéinten gesammelt an ausgenotzt ginn. 

Verschidde Länner, dorënner och EU-Länner, hunn d’Notzung vun DeepSeek dofir scho verbueden a blockéieren de Service souwäit se kënnen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wäert déi lëtzebuergesch Regierung DeepSeek verbidden oder aschränken?  

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1914

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt