Décompte vu Gasliferanten

De Präis vum Meter Cube Gas ass an deene leschte Méint rasant geklommen. Privat Consommateure mussen haut ëm déi 50% méi fir hire Gas bezuelen, wéi nach am Januar 2021. Well d’Consommateuren oft awer nëmmen Avance bezuelen an dës net konstant ugepasst ginn, kann et sinn, dass d’Leit spéiderhin da beim Decompte eng vill méi héisch Rechnung kréien, wéi se dat an der Vergaangenheet gewinnt waren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. A wat fir Fäll passt ee Gasfournisseur seng Mensualitéite fir all seng Clienten un?

  2. Ass de Minister der Meenung, dass all d’Gasfournisseuren net missten hir Clienten informéieren dass den Decompte fir 2021 mat un Sécherheet ugrenzender Warscheinlechkeet ee gutt Stéck méi héisch ausfale wäert an si gläichzäiteg nach eemol drop opmierksam maachen, dass si hir Mensualitéite kënnen eropsetzen?

  3. Mat der Optioun “pay as you go” bitt Enovos senge Clienten vum Stroum un, fir direkt all Mount hir reel Consommatioun, méiglech duerch d’Dateniwwerdroung vum Smarty, ze bezuelen. Denkt de Minister dass esou ee Payement am 4 Wochen Takt op Basis vun der reeller Consommatioun och bei Gas méiglech kéint gemaach ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5421

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen