Décompte vu Gasliferanten – Nofro

De Präis vum Meter Cube Gas ass an deene leschte Méint rasant geklommen. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°5421, wou ech gefrot hunn, ob d’Gasliferanten hir Clienten op dës méi héisch Decomptë virbereeden, huet de Minister erkläert, dass si scho méi laang hir Mensualitéite wärend enger Ofrechnungsperiod upassen. Oft genuch sinn d’Clientë vun de Gasliferanten awer d’Proprietäre vun engem Haus oder enger Wunneng an net d’Locatairen. Esou kann et virkommen, dass d’Locatairen eréischt méi spéit vun Erhéijunge gewuer ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Denken d’Ministeren net, dass all d’Proprietären hir Locatairen och missten informéieren, dass déi nächst Decomptë mat u Sécherheet ugrenzender Warscheinlechkeet ee gutt Stéck méi héisch ausfale wäerten?

  2. Wäerten d’Ministeren d’Proprietären grad ewéi d’Locatairë méi geziilt iwwert d’Auswierkunge vun der Präishausse informéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5720

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt