D’ECOBOX-Aktioun vun der SuperDrecksKëscht

D’SuperDrecksKëscht bitt säit kuerzem EcoBoxen un, weiderverwäertbar Iessensbehälter déi virun allem am HORECA Secteur sollen hëllefen, Iessensverschwendung ze vermeiden a Verpackungsmüll ze produzéieren. An der Rahmenvereinbarung mat der SuperDrecksKëscht ass ze liesen, dass ee Betrib respektiv “einen Einrichtung” dierfe bei der Aktioun matmaachen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Dierfen och Veräiner op ECOBOXen fir hir Memberen zréck gräifen, och wann et sech dee Moment net ëm eng Firma handelt, an se net onbedéngt eng professionell Spullmaschinn, fir d’Wäsche vun den ECOBOXen hunn? Falls nee, denkt de Ministère drun, dës Aktioun och op Veräiner an Associatiounen auszewäiten?

  2. Wéi vill ECOBOXen sinn aktuell am Ëmlaf?

  3. Kann d’Ministesch Informatiounen zu de Käschte vun der Aktioun ginn? Wat fir ee Käschtepunkt ass fir dat éischt Joer vun der Aktioun virgesinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4374

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene