Debrief no de Gemengewalen

Déi deemolëg Inneministesch hat an der Chamberssitzung vum 13te Juni no de Gemengewalen ugekënnegt, dass een Aarbechtsgrupp sollt op d’Bee gestallt ginn, fir den Oflaf vun de Gemengewalen z’analyséieren a Recommandatiounen ze maachen, wéi een d’Organisatioun vun den nächste Gemengewalen kéint verbesseren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi oft koum den Aarbechtsgrupp fir d’Analyse vun de Gemengewale bis ewell zesummen?

  2. Wéi eng Problemer goufen analyséiert a wéi eng Léisunge goufe fir déi verschidde Problemer fonnt?

  3. Wäerten d’Aarbechte vum Aarbechtsgrupp an ee Rapport afléissen a wäert de Minister dëse publizéieren an an der Chamber presentéieren? Falls jo, wat ass d’Zäitschinn, déi een sech bis zum Ofschloss vum Rapport wëll ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 422

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt