Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

De Wollëf schützen

D’PIRATEN bedaueren, dass de Wollef an Zukunft manner geschützt wäert ginn. Mir sti kloer géint déi politesch Entscheedung vun den CSV-Ministeren, dass de Wollef an Zukunft méi einfach wäert kënne geschoss ginn. 

De Mënsch huet de Wollef an de leschte Joerhonnerten bal ausgerott, an dat huet d’Biodiversitéit an d’Natur aus dem Gläichgewiicht bruecht. Vill Problemer an de schlechten Zoustand vun eise Bëscher sinn och doduerch z’erklären, dass keen natierleche Predator méi an eise Bëscher ënnerwee ass. 

D’Zeréckkomme vum Wollef ass eng Chance, fir d’Resilienz vun eise Bëscher ze stäerken, an dat ouni, dass de Mënsch direkt an d’Natur agräife muss. Zënter e puer Jore ginn zu Lëtzebuerg an an der Ëmgéigend ëmmer méi Wëllef an der fräier Natur gesicht. 

De Wollef ass eng Déierenaart, déi ënnert der CITES-Konventioun an deemno op europäeschem Niveau geschützt ass. Hei zu Lëtzebuerg ass d’Déier duerch verschidde Gesetzer a groussherzoglech Reglementer geschützt, soudass enger potenzieller Usiidlung vum Déier bei eis näischt am Wee stoen dierft.

CSV-Ministeren hunn allerdings ugekënnegt, dass een op europäeschem Niveau de Wee wäert goen, fir de Schutzstatus vum Wollëf erofzesetzen. D’PIRATEN bedaueren, dass de Wollëf an Zukunft manner geschützt wäert ginn. Alt nees weist dës Regierung, dass Déiereschutz an Ëmweltschutz d’Devise gëllt: wat nervt, dat muss fort. Aplaz no Léisungen ze sichen, déi souwuehl der Landwirtschaft, wéi och dem Erhalt vun der Natur dingen, fiert d’CSV-Ideologie weider mam Motto: wat mech nervt, gëtt ofgeschoss.

Mir PIRATEN sti kloer géint déi politesch Entscheedung vun den CSV-Ministeren, dass de Wollef an Zukunft méi einfach wäert kënne geschoss ginn. Eng Entscheedung, déi eleng no Hannerzëmmergespréicher mat den europäesche Parteikollegen vun der CSV getraff gouf.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll