De Sans-abrisme zu Lëtzebuerg – Nofro

An der parlamentarescher Fro n°592 hat ech d’Ministesch fir d’Famill an Integratioun iwwert de Hëllefe fir Sans-abrisen zu Lëtzebuerg befrot. An der Äntwert vum 3te Mee 2019 huet d’Madamm Ministesch erkläert, dass:
“”Den Aktiounsplang géint de sans-abrisme ass e wichtegt Instrument an e gëtt eis e Kader an deem mer eng ganz Réi vu Mesure scho geholl hunn an och nach wäerten huelen.””

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persounen hunn sech, säit et de “Service premier appel” gëtt, bei dësem gemellt (opgelëscht no Joer)?

  2. An der Äntwert zur Fro n°592 heescht et:
    “”De Ministère fir Famill, Integratioun a Groussregioun wäert weiderhin alles drusetzen, fir, zesumme mat senge Partner, de Leit déi an enger Noutsituatioun sinn, ze hëllefen. Esou ass virgesinn, déi Offer vun den “haltes de nuit” nach ze erweideren an ze dezentraliséieren, fir och deene Mënschen eng Hëllef ze ginn, déi sech net an der Stad ophalen.””

    Si säit 2019 weider “haltes de nuit” geschafe ginn? Wann jo, wou goufen se opgemaach? Wa net, huet d’Ministesch hei konkreten Datumer fir weider Projeten?

  3. Wat fir Servicer bitt den “Café Courage” un a wéi vill Leit hunn säit der Erëffnung vun dëser Offer profitéiert?

  4. Weider heescht et an der Fro:
    “”Och d’Strukturen déi nom Prinzip vum „housing first” fonctionnéieren a Strukture fir jonk Erwuessener waerten weider ausgebaut ginn. Generell waert de Ministère och mat den Organisatioune weider schaffe fir zousatziech Better ze schafen.””

    Wéi vill vun dëse Strukture goufe säit 2019 ausgebaut?

  5. Wéi gesinn d’Statistike fir d’Iwwernuechtungen an der Wanteraktioun 2020/2021 aus am Verglach zu 2018/2019 an 2019/2020? 

  6. Weider heescht et an der Fro:
    “Bei enger Rei vu Leit ass de Risiko fir keen Dach iwwert dem Kapp ze hunn d’Konsequenz vu psychiatreschen- oder Ofhangegkeetskrankheeten. Dofir probéiert de Gesondheetsministère Léisunge fir des Leit unzebidden iwwert Konventioune mat verschiddenen Associatiounen […].”

    Et ass gewosst, dass et am Moment un Psychologen a Psychiateren hei am Land feelt. Ass d’Betreiung vun de Sans-abrisen trotzdeem ofgeséchert?

  7. Wat fir nei Projete goufen an dësem Kontext säit 2019 nach fäerdeg gestallt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5284

Zesummenhang posts

A ville Länner ginn neigebuere Kanner kuerz no hirer Gebuert am Kader vum Dépistage néonatal op verschidde selte Krankheet getest. Zil vum Screening ass
LU-CIX ass een nationalen Internet exchange Point zu Lëtzebuerg, deen als Service de Schutz vu kritesch Netzer an Hosts proposéiert. D’Asbl gëtt et säit
D’Verwaltungsgeriicht huet rezent jugéiert, dass de Staat engem Flüchtling, deen eleng geflücht war, op Basis vun eiser Gesetzeslag net kann eng Wunneng refuséieren (Arrêt