De Logementsproblem spëtzt sech zou

De Logementsproblem zu Lëtzebuerg spëtzt sech zou. Souwuel am Leitartikel vum Luxemburger Wort vum 6. August, sou wéi och am Editorial vum Tageblatt vum 5. August 2019 geet et ëm dëse sensibele Sujet. De Michel Rafferty vum Institut fir Geografie a Landesplanung vun der Universitéit Lëtzebuerg stellt deementspriechend fest: “Wohnen in Luxemburg und darüber hinaus — eine echte Krise”. Och den OGBL huet d’Léise vum Logementsproblem mëttlerweil zu enger vun hire Prioritéiten erkläert. Den duerchschnëttleche Loyer ass 2018, notamment opgrond vun enger Hausse vun der TVA vun 3 op 17% um Bau vun Zweetwunnengen, em net manner wéi 18,23% an d’Luucht gaangen. Dës Hausse trëfft also an der Praxis haaptsächlech de Locataire. 

An deem Zesummenhang hunn d’PIRATEN dem Minister fir Finanzen an enger parlamentarescher Ufro dës konkret Froe gestallt:

  • Wier den Här Minister Gramegna bereet, d’Hausse vun der TVA um Bau vun Zweetwunnengen réckgängeg ze maachen? Wa net, firwat?
  • Här Minister, wat sinn insgesamt d’Steierrecetten, déi de Lëtzebuerger Staat opgrond vun der Besteierung vu Loyeren, am Joer 2017 an 2018 erhuewen huet?
  • Här Minister, kéint Dir präzis beziffere, wéi vill zousätzlech Recetten duerch d’Hausse vun der TVA vun 3% op 17%, am Joer 2018 fir de Staat entstane sinn?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt