De Klimabilan vun der Cargolux

D’Cargolux feiert 2021 hiert d’50järegt Bestoen. 2020 huet Cargolux  ee Rekordbenefice vun iwwer 630 Milliounen Euro konnten erzielen. Dëst ass op eng vergréissert Unzuel un Transportflich zréck ze féieren. Déi momentan sanitär Kris huet der Fluchgesellschaft also net geschuet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’Regierung Informatiounen iwwert de Klimabilan vu Cargolux vun deene leschte 5 Joer (opgelëscht no Joer)? Kann d’Regierung den CO2-Ausstouss grad ewéi d’Quantitéit u verbrauchtem Kerosin vun der Cargolux fir déi lescht 5 Joer oplëschten?

  2. Zur Bekämpfung vum Fluchlärm um Findel huet d’Ëmweltverwaltung 2020 een Aktiounsplang ausgeschafft gehat.  Gouf am Kader vun dësem Aktiounsplang festgestallt, wéi eng Fluchgesellschaft an der Moyenne pro Vol deen héchste Lärmausstouss huet?

  3. Am Kader vun dësem Rapport goufen anscheinend och d’Nuetsflich, déi vum Findel aus gestart sinn, gezielt. Kënnen d’Ministeren d’Unzuel un Nuetsflich pro Airline uginn?

  4. Wäert d’Regierung zesumme mat der neier Verwaltungsrotspresidentin u konkrete Mesuren zur Verbesserung vun der Klimabilanz schaffen?

  5. Wäert déi néi Verwaltungsrotspresidentin sech dofir asetzen, d’Unzuel un Nuetsflich ze reduzéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4194

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene