De Christian Welter huet an der fräier Tribune op RTL iwwert de Fichier central aka “Geheime Casier” vun der Police geschwat.
Text vum Audio:
Léif Nolauschterer,
Mäi Numm ass Christian Welter an ech si Member vun der Piratepartei a President vun de Jonke Piraten. Als Gemengeconseiller zu Péiteng setzen ech mech mat de Piraten fir een héichwäertegen Dateschutz an.
Een Thema, wat an de leschte Wochen ëmmer erëm Wellen geschloen huet war de Fichier central vun der Police, deen och « Geheime Fichier » oder « Zweete Casier Judiciaire» genannt gëtt.
Ëm wat geet et eigentlech bei dem Fichier central? Ma dat ass u sech ganz einfach : De Fichier central ass eng Datebank, an der Biergerinnen a Bierger opgelëscht ginn, déi op ee Verdacht hin mat der Police a Kontakt komm sinn. D’Police benotzt dës Datebanken fir méi effikass kënnen ze schaffen.
Wou ass also iwwerhaapt de Problem ?
Et gëtt an eisem Land eppes, wat sech Onscholdsvermuddung nennt. No dësem Prinzip ass eng Persoun onschëlleg, bis dass ee Geriicht de Géigendeel beweist. Dëse Prinzip ass vun eiser Konstitutioun ofgedeckt an immens wichteg fir d’Stabilitéit vun engem Rechtsstaat ze garantéieren.
De Fichier central vun der Police respektéiert d’Onscholdsvermuddung net. Dëse Fichier ignoréiert elementar Rechter vu Biergerinnen a Bierger a muncher een fillt sech un en Iwwerwaachungsstaat erënnert.
Stellt Iech fir, ären Noper mëscht eng Plainte géint Iech bei der Police fir eng Strofdot, déi dir ni begaangen hutt. Dir géift op Geriicht kommen an de Riichter géif iech fräischwätzen. Joren drop existéiert awer bei der Police nach ëmmer eng Donnée iwwert iech. Am Fall, wou déi Informatioun an déi falsch Hänn kënnt, kéint si iech schueden, wéi zum Beispill beim Sichen vun enger Aarbecht oder beim Ofschléissen vun enger Assurance.
Mir Piraten hunn eis den Dateschutz scho viru Joren op de Fändel geschriwwen, well een effikassen Dateschutz zu de Grondprinzipien vun enger moderner Demokratie gehéiert.
Mir fuerderen ee staarken Dateschutz an alle Beräicher. Dofir brauche mir eng breet Debatt iwwert d’Art a Weis wei d’Police an Zukunft mat eisen Donnéeën ëmzegoen huet, ouni dobäi d’Privatsphär vun de Leit ze mëssbrauchen.
Och d’Vorratsdatenspeicherung, dat ass d’Späicheren vun Telekommunikatiounsdaten, leene mir of. Wee wëll schonn datt eng friem Persoun seng SMSen oder seng Chats matliest ?
De Fichier central vun der Police ass fir eis een NO GO. Mir sinn der Meenung, dass jiddereen soll ee Recht hunn ze wëssen, wéi eng Donnéeën iwwert ee gespäichert sinn an firwat. Doriwwer eraus muss ee kenne perséinlech Stellung dozou huelen, wat am Fichier geschriwwe steet an et muss méiglech sinn, den Antrag kënnen ze läschen.
Op eisem Internetsite piraten.lu hu mir ee Bréif preparéiert mat deem Dier kënnt ufroen wat am Fichier central vun der Police iwwert iech gespäichert ass. Dëse Bréif kënnt dir einfach eroflueden, ausfëllen an ofschécken.
D’Piraten wäerten sech weiderhin an de Gemengen souwéi an der Chamber fir den Dateschutz zu Lëtzebuerg staark maachen.
Mäi Numm ass Christian Welter vun der Piratepartei an ech soen iech Merci !