De Bus, dee keng Kannerkutsch eraléisst

Mir ass ee Fall zougedroe ginn, wou eng Fra, déi mat enger Kannerkutsch ënnerwee war, den Accès an ee Bus vum RGTR refuséiert krut. Genee ass dës Geschicht op der Linn 609 um Arrêt Déifferdeng Arbed Dënschdes den 30te Januar géint 18h00 passéiert. 

Den éischte Buschauffer hätt der Fra d’Entrée an de Bus refuséiert ënnert der Begrënnung, dass dëse Bus keng Plaz fir Poussetten hätt, de Buschauffer sech net ëm d’Kutsch kéint këmmeren an et aus versécherungstechnesche Grënn net méiglech wier, fir d’Kutsch matzehuelen. D’Fra duerft dunn am Reen mat zwee Kanner (dorënner ee Puppelchen) 40 Minutten op den nächste Bus waarden, wou hier da vum nächste Buschauffer déi nämmlech Attitude an Erklärung presentéiert gi war, dass si net mat der (faltbarer) Kutsch an de Bus dierft klammen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Stëmmt et, dass verschidde Busser, déi fir den RGTR fueren, keng Leit mat Poussettë kënnen oder dierfe mathuelen?
    Falls jo, ëm wéi eng Busser handelt et sech a wat ass de Grond dofir?

  2. Wéi kënnen d’Leit, déi mat Poussetten, Vëlo oder am Rollstull ënnerwee sinn, am Viraus wëssen, ob ee Bus vum RGTR si ka mathuelen? 

Verlaf an der Chamber

Fro n°284

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt