DDoS Scrubbing

LU-CIX ass een nationalen Internet exchange Point zu Lëtzebuerg, deen als Service de Schutz vu kritesch Netzer an Hosts proposéiert. D’Asbl gëtt et säit 2009. Rezent huet LU-CIX ugekënnegt, dass déi franséisch Firma Acorus Networks, déi sech op de Schutz virun DDoS Attacke spezialiséiert huet, Deel vum Netzwierk gëtt. Si hu laut eegenen Aussoen och Staaten als Clienten.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Schafft d’Regierung mat LU-CIX oder Acorus Networks zesummen? Wa jo, wéi gesäit dës Zesummenaarbecht aus?

  2. Ass d’Regierung der Meenung, datt Lëtzebuerg am Domaine DDoS Scrubbing gutt genuch opgestallt ass?

  3. Den deemolege Premier Xavier Bettel hat 2018 ugekënnegt, dass een “Centre national de mitigation des attaques DDoS pour les situations de crise” soll opgebaut ginn. Ass den DDoS Scrubbing am Moment schonn aktiv? Wa jo, säit wann? Wa nee, firwat net?

  4. An der Äntwert op d’Fro n°522 erkläert de Premier: “Le système est conçu pour être hautement redondant et il est distribué sur différents centres de données.”
    Wéi konnt et dann awer dozou kommen, dass et ongeféier 6 Stonne gedauert huet bis d’Site, fir déi den CTIE zoustänneg ass, erëm online waren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 544

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene